E Mëttwoch hat Dir op RTL d'Wuert a konnt Är Froen zum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg dem zoustännege Minister François Bausch stellen.

Zanter dräi Joer elo ass den ëffentlechen Transport gratis. D'Investissementer an de Schinnen- a Stroossebau goufen däitlech eropgeschrauft. Mä déi alldeeglech Deplacementer bleiwe fir vill Leit eng Erausfuerderung, déi Zäit an dacks och Nerve kascht.

Wéi gesitt Dir déi aktuell Mobilitéitspolitik? Dat war de Sujet an onsem "Dir hutt d'Wuert" e Mëttwoch de Mueren. Invité war den Transportminister François Bausch.

Dir hutt d'Wuert vum 1. Mäerz 2023 - Mobilitéit mam François Bausch

D'Leit hu vun hirer perséinlecher Situatioun gezielt. Sou gouf et Kritik u verschiddene Connectiounen an un den Horairen, notamment am Norden an am Oste vum Land.

Et wier scho vill geschitt, reagéiert de Minister. Et misst een déi ganz Mobilitéits-Offer consideréieren, Verbesserunge wieren awer ëmmer méiglech.

Et gouf awer och Luef vun de Leit, zum Beispill fir den Tram.

Ee weidere Sujet war den Trafic duerch Frontalieren. An deem Kontext goufe verstäerkt Park&Riden, och bei de Grenzen, gefuerdert. Ma och do wier een am gaangen, drun ze schaffen, sot de Minister Bausch.

D'Park&Riden zu Rodange a Miersch zu Thionville géifen nach dëst Joer opgoen. Zu Ëlwen ass een am Bau, Diskussioune mat der Belsch fir esou e Parking am Grenzgebitt géife lafen.

Dat nämmlecht an den Individualverkéier wéi an den ëffentlechen Transport ze investéieren, géif awer net goen, esou de Minister Bausch vun déi Gréng. Dowéinst wier e politesche Choix néideg gewiescht, an dee wier zu Gonschte vum ëffentlechen Transport ausgefall. Zu Lëtzebuerg wier ze laang nëmmen op den Auto gesat ginn.

Tunnel Schieburg wäert wuel wéi annoncéiert nees kënnen opgoen

An zwou Woche géif ee genee gesinn, ob den Tunnel Schieburg am Éislek effektiv wéi geplangt no der Ouschtervakanz nees kéint opgoen, sot den Transportminister François Bausch. Den Ament géif et ganz gutt ausgesinn, datt deen annoncéierten Timing agehale ka ginn. Den Tunnel op der Zuchstreck tëscht Kautebaach a Clierf war jo am August an de Koup gefall.

D'Situatioun am Rond-Point Sandweiler géif och nach emol op de Leescht geholl, fir de Verkéiersfloss ze verbesseren. D'Ofbéispuer, déi notamment vu Camione genotzt gouf, fir bei e Betrib ze fueren, gëtt vun e Mëttwoch un ewechgeholl an der Hoffnung, datt et domadder besser rullt.

Allgemeng wier een den Ament am ëffentlechen Transport an enger Phas, déi am schwieregste wier. D'Retarden aus de leschte Jore wieren amgaang opgeschafft ze ginn. Et wier ze laang zu Lëtzebuerg just op den Auto gesat ginn. Hien hätt awer d'Investissementer an d'Schinn an de Bus däitlech eropgeschrauft, esou de grénge Minister. Duerfir wieren den Ament och ganz vill Chantieren amgaang. Substantiell Verbesserunge solle vun 2027/2028 u kommen. Dann hätte mir dat modernste Schinnennetz a ganz Europa, huet de François Bausch versprach.

De François Bausch huet och Verbesserungen op der Busstreck Iechternach-Stad an Aussiicht gestallt. Do soll eng nei Linn bäikommen, déi bis op d'Stater Gare fiert. Fir de Verkéiersfloss um Autobunnsnetz ze verbesseren, wieren d'Ponts & Chaussées donieft den Ament amgaang Etüden ze maachen, fir och um Stater Contournement an op der Diddelenger Autobunn d'Vitess an de Spëtzestonnen op 90 km/h erofzesetzen. Vun enger allgemenger Vitessreduktioun op der Autobunn hält de François Bausch näischt.

"Dir hutt d'Wuert" vun 8.10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis en Dënschdeg de Moien op den 13 30.