
Géint e Verbuet vum Verbrennungsmotor vun 2035 u stäipt sech eng Petitioun um Site vun der Chamber.
Stand Freideg hate sech scho méi ewéi 4.700 Signataire fonnt, woubäi nach 39 Deeg Rescht bleiwen. Iert et zu engem Debat public an der Chamber kënnt, muss awer d'Enn vun de Signatures-Delaien ofgewaart ginn an déi zoustänneg Chamberkommissioun muss d'Ënnerschrëften och nach validéieren.
De Petitionär verlaangt vun der Lëtzebuerger Politik, d'EU-Pläng net ze validéieren.
Nei-Zouloossunge vun thermeschen Autoe solle vun 2035 u verbuede ginn. Eigentlech sollt d'Decisioun schonn definitiv aktéiert sinn, mä déi den däitschen Transportminister Wissing wëll de syntheetesche Sprit net ausschléissen.
Am meeschte gelies