Et gëtt gepréift, fir Zuchstreck Ettelbréck-Ëlwen zweegleiseg ze maachen

© RTL Archivbild
D'Chamber huet d'Gesetz iwwert d'Finanzéierung vum Kontrakt fir d'Exploitatioun vum ëffentlechen Zuchreseau eestëmmeg guttgeheescht.
D'Zuchstreck Ettelbréck-Ëlwen op zwou Gleiser ausbauen, gëtt elo scho studéiert. Dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch e Mëttwoch de Mëtten an der Chamber deklaréiert, nodeems d'ADR eng Motioun deposéiert hat, déi entspriechend Etüd gefuerdert huet. Dat natierlech, well am August d'lescht Joer den Tunnel Schieburg tëscht der Kautebaach a Wëlwerwolz an e Koup gefall ass.
Zanterhier a fir op d'mannst nach sechs bis siwe Wochen ass d'Streck tëscht Ettelbréck a Clierf jo zou. D'Leit mussen oder kennen op den Auto oder Ersatzbusser zeréckgräifen. De Mobilitéitsminister sot, d'Fléckaarbechte wieren 24 Stonnen den Dag amgaangen. Och bei de Busser wier een um "Zännfleesch". Et géing een de Maximum maachen, "mee mir kenne keng Wonner vollbréngen", sou de François Bausch.
Well d'ADR da wéi gesot Etüde fir eng nei Streck gefrot huet – an dobäi vun der CSV ënnerstëtzt gouf - huet de François Bausch wéi gesot deklaréiert, déi Analyse géinge souwisou scho gemaach ginn. Mee de Grénge Minister huet widderholl, wat den CFL-Infrastrukturchef Henri Werdel an der Chamberkommissioun erkläert huet: dat ass komplizéiert an dauert ebe grad wéinst de villen Tunnellen. Et soll een de Leit kee Sand an d'Ae streeën, sou de François Bausch. Mä wéi et sech an der Chamber gehéiert, hunn d'Deputéiert d'lescht Wuert. Heizou huet den ADR-Deputéierte Jeff Engelen reagéiert: "Ech hu nach bis elo kengem Mënsch dobausse Sand an d'Ae gestreet! Ech hunn och kengem Mënsch dobausse gesot, wat ech haut de Mëtte gesot hunn. Dat ass eng Iddi, déi ass mir gëschter Owend komm an ech hunn se elo realiséiert!"
D'Motioun vun der ADR gouf awer verworf. Eestëmmeg hunn d'Deputéiert dat gestëmmt, ëm wat et u sech gaangen ass: d'Gesetz iwwert d'Finanzéierung vum Kontrakt fir d'Exploitatioun vum ëffentlechen Zuchreseau. Dat maachen hei am Land jo eleng d'CFL. Et ass dat deierst Gesetz gouf e Mëttwoch e puer Mol gesot: effektiv si fir d'Joren 2025 bis 2039 méi ewéi 7 Milliarden Euro virgesinn. Nieft der Exploitatioun vum Reseau, finanzéieren déi Suen och d'Eropfuere vun de Kapazitéiten. D'Investissementer an d'Schinnen, déi si sonner a ginn duerch de Fonds du Rail finanzéiert.