6 Froen iwwert E-Fuels – Zukunft oder Illusioun?

© AFP Archiv
Nom Aus fir de Verbrennungsmotor 2035 wëll een op de Wee vun de sougenannten E-Fuels goen. Ma wat sinn E-Fuels iwwerhaapt? Mir hunn Äntwerten op Är Froen.
Vun 2035 u solle keng nei Autoe mat Verbrennungsmotor méi zougelooss ginn. Mä wéi wäit geet d'Decisioun vun der EU? Aktuell wëll Däitschland um EU-Sommet eng Dier fir déi sougenannt E-Fuels opmaachen. Mä wat sinn E-Fuels iwwerhaapt a wier dat eng Alternativ fir Verbrenner-Autoe weider ze verkafen? Mir hunn Äntwerten op gängeg Froe gesicht.
Wat sinn E-Fuels eigentlech?
Ënnert dem Begrëff E-Fuels gi syntheetesch Kraaftstoffer verstanen, dorënner ginn et verschidden Zorten. Sprit, deen haaptsächlech aus Waasserstoff besteet, wier punkto Nohaltegkeet am beschten.
Wéi ginn E-Fuels hiergestallt?
Mir huelen d'Beispill vu syntheeteschem Sprit, deen op Waasserstoff baséiert. Dësen ass och deen, dee gréisstendeels an der Diskussioun ass. Dofir gëtt Waasser souzesoen "zerluecht", fir Waasserstoff a Sauerstoff ze isoléieren. Dat geschitt mat Hëllef vu Stroum. Gläichzäiteg gëtt Kuelestoffdioxid aus der Atmosphär erausgefiltert. Dësen an den H2, also de Waasserstoff, gi souzesoe gemëscht an esou entsteet Methanol. Dat ass den Haaptbestanddeel vum Sprit, deen dann op der Pompel ka getankt ginn.
Wéi "gréng" sinn E-Fuels?
Wann de syntheetesche Sprit am Auto verbrannt gëtt, soll nëmmen esou vill CO2 ausgestouss ginn, wéi bei der Produktioun aus der Atmosphär erausgeholl gi war. Doduerch soll d'CO2-Bilanz ausgeglach sinn. Stéckstoff gëtt beim Fueren awer weiderhi fräi gesat. Esou wéi dat aktuell bei all Verbrenner-Motor de Fall ass.
Fir vu "gréngen" E-Fuels kënnen ze schwätzen, muss erneierbare Stroum fir de Prozess benotzt ginn. Dat kéint Stroum vu Wand- oder Solarenergie sinn. D'Produktioun vun E-Fuels ass awer allgemeng immens stroumintensiv a bei der Hierstellung geet vill Energie verluer. Deemno ass d'Energieeffizienz den Ament nach geréng. En Elektro-Auto géing mat der nämmlechter Quantitéit un Energie, déi investéiert gëtt, fënnef Mol esou wäit kommen.
Kann all Auto mat E-Fuels fueren?
Den däitschen ADAC huet antëscht nogewisen, dass Autoen, déi aktuell mat Bensinn oder Diesel fueren, och kéinten E-Fuels notzen. Dës Autoe bréichten deemno net ëmgebaut ze ginn. Fir dass d'E-Fuels an dësen Autoe kënnen agesat ginn, mussen awer verschidde Normen, wéi se elo beim Bensinn an Diesel sinn, agehale ginn. Soss kéinten d'Motore Problemer kréien. Sinn d'Normen awer un deene vum Bensinn an Diesel ugepasst, kéinten E-Fuels och mat Bensinn an Diesel gemëscht ginn.
Wat kascht 1 Liter E-Fuels den Ament?
Aktuell läit de Präis bei op d'mannst 4,50 Euro de Liter, an e kann bis 10 Euro goen. Wann d'Produktioun vun E-Fuels awer an d'Luucht geet an eng gewësse Masseproduktioun entsteet, dierften d'Produktiounskäschte pro Liter erof goen. Bis 2030 kéint de Präis bei ronn engem Euro de Liter leien, esou op d'mannst d'Erwaardungen aus der Branche.
Wéi eng Froe stinn an den EU-Diskussioune nach op?
Wéi et schéngt, steet de Kompromëss am Raum, dass Autoen, déi no 2035 nei zougelooss ginn, exklusiv just nach mat E-Fuels kënne fueren. Dat kéint zum Beispill mat entspriechende Sensore funktionéieren, déi dann an den neien Autoen agebaut ginn. Nieft Däitschland géingen och Polen, Tschechien, Éisträich an Italien de Virschlag ënnerstëtzen, fir no 2035 E-Fuels zouzeloossen.