Déi däitsch Bundesregierung an d'EU-Kommissioun si sech am Sträit ëm en Aus fir nei Autoe mat Verbrennungsmotor eens ginn.

Schonn e Freideg de Moien haten däitsch Medie gemellt, datt en Accord am Sträit ëm de Verbuet vum Verbrennermotor en Vue wier. De Verkéiersminister Volker Wissing hat no Verhandlunge mat der EU-Kommissioun eng Propos fir eng Léisung ausgeschafft. Elo solle béid Parteie sech gëeenegt hunn, wéi de Volker Wissing op Twitter schreift.

Mam Accord wäerten och no 2035 nei Verbrenner-Autoen zougelooss ginn, wa se exklusiv mat E-Fuels, also syntheeteschem, CO2 neutrale Kraaftstoff fueren.

De Vize-Kommissiounschef Franz Timmermans confirméiert d'Aussoe vum Volker Wissing an erkläert, datt elo doru geschafft géing ginn, datt d'CO2-Reglementer esou séier wéi méiglech geännert ginn an d'Kommissioun séier déi néideg rechtlech Schrëtt fir d'Ëmsetzung vum Accord aleede wäert. En Dënschden sollen déi zoustänneg Ministeren op EU Niveau driwwer ofstëmmen.

Tweet Timmermans

Et wier e wichtegt Signal, dass ee weider technologie- an innovatiounsfrëndlech bleift, wann een de Klimawandel géif eescht huelen an dogéint wéilt ugoen, sot den éisträichesche Bundeskanzler Nehammer en Donneschdeg.
Allerdéngs gouf d'Initiativ vun Däitschland och staark kritiséiert an och déi lescht zwee Deeg gouf um Sommet vun de EU-Staats- a Regierungscheffen doriwwer gestridden. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel gehéiert zu deenen, déi der Initiativ kritesch géintiwwer stinn. Zu Bréissel sot hien der Press, déi Ouverture fir E-Fuels géif den Accord relativéieren. Et wär iwwerdeems kee positiivt Signal fir de Klimaschutz an déi Jonk, déi dofir op d'Strooss ginn, dass de Verbrenner awer net vun de Stroosse verschwënnt.