Ënnerschiddlech Positioune beim Verbrenner-Verbuet
Däitschland steet net méi eleng do mat der Fuerderung, de sougenannten E-Fuels eng Chance ze ginn. Ënnerstëtzung kënnt aus Éisträich.
Um EU-Sommet hunn d'Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel weider Militärhëllef fir d'Ukrain decidéiert. Den UNO-Generalsekretär António Guterres begréisst d’Propose vu Friddensgespréicher. Wat de Verbrenner-Verbuet ugeet, sinn iwwerraschend ënnerschiddlech Positiounen opkomm. Éisträich schléit sech op d’Säit vun Däitschland.
Wat de Sträit ronderëm de Verbrenner-Verbuet ugeet, esou sot d'EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola, dass en Accord net einfach kéint réckgängeg gemaach ginn. Dobäi géing et och ëm d'Vertrauen an d'Politik goen. Änlech Téin huet de Lëtzebuerger Premier fonnt. Et kéint een en Accord, dee scho geholl gouf, net bemol änneren.
Fir de Xavier Bettel sinn E-Fuels nëmme fir Schëffer oder Fliger eng Alternativ. Virun allem déi Jonk, déi sech vill fir eng méi nohalteg Politik asetzen, wiere soss enttäuscht a géinge komplett d’Vertrauen an d’Politik verléieren. Fir si géing d’Verbuet vun 2035 un keng Autoen mat Verbrenner-Motor méi ze verkafen, souwisou net wäit genuch goen.
Däitsch Medie mellen e Freideg de Moien, en Accord am Sträit ëm de Verbuet vum Verbrennermotor wier en Vue
Den Däitsche Verkéiersminister Wissing hätt no Verhandlungen mat der EU-Kommissioun e Virschlag fir eng Léisung ausgeschafft.
Nei Gefierer, déi exklusiv mat E-Fules, also syntheeteschem, CO2 neutrale Kraaftstoff fueren, sollen elo awer no 2035 weider zougelooss ginn.
Inhaltlech a Juristesch Froen hätte kënne gekläert ginn.
Bleift ofzewaarden, wéi zu Bréissel, um Bord vum EU-Sommet, op des Nouvelle reagéiert gëtt. Ob d'EU-Kommissioun effektiv den Text iwwer de Verbuet vu Verbrenner-Motoren no 2035 frësch op mécht. Dat wier u sech aussergewéinlech a kéint e Prezedenzfall fir weider EU Gesätzer schafen.
Um Enn vum éischten Dag gouf et am Kader vum EU Sommet intressant Aussoen zu deem Thema. Däitschland steet net méi eleng do mat der Fuerderung, de sougenannten E-Fuels eng Chance ze ginn. Och Frankräich géif d'Positioun vun Däitschland ënnerstëtzen, sot den éisträichesche Bundeskanzler Nehammer en Donneschdeg. Et wier e wichtegt Signal, dass ee weider technologie- an innovatiounsfrëndlech bleift, wann een den Klimawandel géif eescht huelen an dogéint wéilt ugoen, esou den Nehammer weider.
Ukrain-Krich bleift e wichtege Sujet um EU-Sommet
De Munitiounspak, deen d'Aussen- a Verdeedegungsminister Ugangs der Woch ausgehandelt haten, gouf gestëmmt. An den nächsten 12 Méint sollen eng Millioun Schëss Artilleriemunitioun un d'Ukrain geliwwert ginn. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hat virum Treffen ugekënnegt, dass hie sech fir Friddensverhandlunge wéilt staark maachen.
D'USA a China sollten dës Friddensgespréicher uféieren andeems si eng gemeinsam Positioun ausschaffen, esou d'Propose vum Premier Xavier Bettel. Den UNO-Generalsekretär António Guterres hätt dat begréisst a wier och der Meenung, dass China net sollt ausgeschloss ginn. Ma op der anerer Säit wier och Virsiicht ubruecht.
Bis ewell hätt China keng däitlech Zeeche ginn, fir Europa ze ënnerstëtzen. Et sollt awer partout verhënnert ginn, dass Russland a China eng staark Allianz opbauen. Och dowéinst hätt de franséische President Emmanuel Macron decidéiert a China ze reesen, wéi hiem dem Premier Xavier Bettel sot. De Premierminister hätt selwer net Ament net geplangt a China ze reesen.
All Effort fir en Dialog mat China opzebauen wier wichteg, esou nach de Premier Xavier Bettel.
Um Freideg sinn d'Christine Lagarde, Presidentin vun der Europäescher Zentralbank an de Paschal Donohoe, President vum Eurogrupp um EU-Sommet. Konkret Froen hätt de Premier nach keng. Hien hätt geléiert als éischt nozelauschteren an dann Froen ze stellen, esou de Xavier Bettel op Nofro.