Wéinst engem Schued un de Joint‘e vun der Bréck, ass op der A1 a Richtung Stad déi riets Spuer um Viaduc Mënsbech bis op Weideres gespaart.

Vun e Méinden un geet et iwwert eng Metalle-Plack (rampe fly-over), wärend de Spëtzestonnen moies tëscht 6 an 10 Auer, nees op zwou Spueren. Allerdéngs ass um Viaduc dann nëmmen nach Vitesse 30 Richtung Stad erlaabt.

No 10 Auer moies ass déi riets Spuer dann nees gespaart.