Si verbënnt den ënneschten Deel vun der Avenue John F Kennedy mat den Dräi Eechelen. 7 Milliounen Euro huet déi nei Bréck kascht.

Zanter Februar 2022 gëtt dru gebaut.

Eng nei Bréck JFK-Mudam - E Reportage vum Chris Meisch (INTERNET)

Dat lescht Stéck vun der Passerell gouf e Freideg de Mëtte mam Kran op seng Plaz gehuewen an duerno festgeschrauft. De Wee geet uewen duerch Bamkrounen. D'Iddi war et, fir esou mann wéi méiglech an d'Natur anzegräifen, seet d Marc Widong, Direkter vum Fonds Kierchbierg. Just ee gréissere Bam huet missen ewechgeholl ginn.

Och d'Material mécht déi Bréck eenzegaarteg. Déi ganz Konstruktioun ass aus Stol deen net Rascht, aus Inox.  Di baussecht Säite vun der Passerell sinn esou staark poléiert, datt ee sech dra spigele kann. Dat huet deen Effekt, datt d'Bréck d'Natur ronderëm reflektéiert a sech esou ganz diskret an d'Landschaft integréiert.

Duerch di nei Bréck hunn d'Foussgänger elo méi en direkten Zougang zum Park Dräi Eechelen. Virop de Festungsmusée an de MUDAM wäerte vun där Ofkierzung profitéieren. Di nächst Méint iwwer ginn di leschte Finitioune gemaach. Ugangs 2024 soll d'Bréck dann ageweit ginn. Bis dohinner huet een och nach Zäit fir en Numm fir di nei Passerell ze fannen.