
Den Andrew Giuliani, Responsabelen am Wäissen Haus fir d'Organisatioun vun der Futtball-WM, huet Erklärunge ginn zur Exklusioun vu verschiddene Leit, dorënner de somaleschen Arbitter Omar Artan.
Bis ewell wiere 35 Ekippen an den USA ukomm. Kee Spiller a keen Trainer hätt den Accès an d'Land refuséiert kritt, sou de Bouf vum fréieren New Yorker Buergermeeschter Rudolph Giuliani. Verschiddene Responsabele wier d'Arees awer refuséiert ginn, "an dat aus guddem Grond". Béisaarteg Acteuren dierften net an d'USA eragelooss ginn, sou den Andrew Giuliani weider.
Ouni an den Detail wëllen ze goen, huet den Giuliani gesot, dass d'Grenzpolice CBP de somaleschen Arbitter Omar Artan net areese gelooss huet, well et Problemer gouf mat der Verifikatioun vu senger Virgeschicht. Hie wier liéiert mat Persounen, déi verdächtegt ginn, zu terroristesche Gruppéierungen ze gehéieren an hätt doduerch keng Erlabnis kritt, amerikanesche Buedem ze betrieden. Den Giuliani hat sech do virdru mam Minister fir bannenzeg Sécherheet Markwayne Mullin a mam Chef vun der CBP ausgetosch.
Och zu de 15 Persoune vum iranesche WM Staff, déi net hunn dierfen areesen, gouf et Prezisiounen. All d'Spiller hätten d'Erlabnis kritt, wougéint verschidden aner Persounen, déi zum Team gehéieren, hu mussen heem fueren, well se verdächtegt ginn, net Traineren, mee potentiell Membere vun den iranesche Revolutiounsgarden ze sinn oder mat deenen ze schaffen.