Gratis duerch Europa reesenEU-Kommissioun verdeelt méi wéi 40.000 Zuchticketen u jonk Erwuessener

RTL mat AFP
Wéi all Joer huet d'EU-Kommissioun elo nees Zuchticketen, sou wéi Musée- a Stroossebunnticketen u jonk Leit am Alter vun 18 Joer verdeelt, fir duerch Europa ze reesen.
Die EU-Kommission hat Zugtickets für Reisen durch Europa an 40.912 junge Erwachsene vergeben. Die Gewinnerinnen und Gewinner können mit den Tickets von Juli dieses Jahres bis September des kommenden Jahres durch die EU reisen.
Méi wéi 40.000 jonk Erwuessener kënne bis September 2027 gratis mam Zuch duerch Europa reesen.
© AFP/Archiv

D'EU-Kommissioun huet e Méindeg Zuchtickete fir Reesen duerch Europa u 40.912 jonk Erwuessener verdeelt. D'Gewënnerinnen a Gewënner kënne mat den Tickete vu Juli 2026 bis September 2027 duerch d'EU reesen, wéi d'Kommissioun e Méindeg matgedeelt huet. D'Tickete ginn un 18 Joer al Teenager, déi tëscht Juli 2007 a Juni 2008 gebuer goufen.

Deel vun der Offer sinn donieft och Reduktioune fir Jugendherbergen, Stroossebunnen a Muséeën. D'EU-Kommissioun verdeelt d'Ticketen zwee Mol pro Joer. Umelle kënne sech jonk Erwuessener aus allen EU-Staaten, sou wéi aus Drëttstaaten, an deenen et eng Kooperatioun mam Austauschprogramm Erasmus+ gëtt. Déi nächst Ausschreiwung fänkt am Hierscht un.

Back to Top
CIM LOGO