Nächst Regierung muss Elektro-Primme verlängeren, sou plädéiert de Claude Turmes

© Pit Everling
Bis 2030 soll de Lëtzebuerger Automobil-Fuerpark zur Hallschent elektrifizéiert sinn.
Aktuell fuere 7% vun de Lëtzebuerger Autoe reng- oder zum Deel elektresch. Et bleift also nach e Wee ze maachen.
Ma déi gréng Ministere fir Energie a Mobilitéit stelle fest, datt d'Elektromobilitéit staark um Kommen ass, datt d'Venten also boomen an datt d'Infrastruktur am internationale Verglach gutt ass.
Dëst Joer goufe bis ewell méi wéi 7000 Elektroautoen a méi ewéi 3000 Plug-In-Hybriden ugemellt.
Virun allem den Diesel ass staark erofgaangen.
E wier een an der richteger Spuer fir dohinner ze komme wou een hi wëll.
Dat sot de Mobilitéitsminister François Bausch bei Geleeënheet vum Elektro-Bilan vun der Legislatur-Period
34.000 elektrifizéiert Gefierer ugemellt, dovunner 20'000 reng Elektroautoen. 2018 waren et der 3.000. D'Offer ass extrem an Luucht gaangen och.
Leasing-Gefierer spillen an der Elektro-Statistik eng grouss Roll. Zënter 2018 huet de Staat 180 Elektroautoen a 85 Plug-In-Hybride fir seng Zerwisser kaaft. 2025 soll d'Hallschent vum Bus-Kilométrage elektresch gefuer ginn.
A punkto Infrastruktur gëtt et 2000 ëffentlech Lued-Plazen am Grand-Duché. 98% vun de Leit hunn am Ëmkrees vu 5min eng ëffentlech Borne, sou de Claude Turmes.
Onofhängeg dovu wien déi nächst 5 Joer un de politeschen Hiewele sëtzt: Déi aktuell Primme fir Elektroautoe sollen iwwer d'Joer 2024 eraus verlängert ginn, dofir plädéiert de Claude Turmes.
Well mer nach net op deem Punkt si wou den Elektroauto am Akaf méi bëlleg ass wéi den Diesel oder Bensinn. Dat wäert vläicht iergendwann 2027 oder 2028 de Fall sinn. Well ee wëll d'Leit mathuele si mir der Meenung, datt déi Primme solle weider gefouert ginn.
Wann een déi verschidden Undriwws-Technologië vergläicht, wier de rengen Elektroauto bei wäitem am effizientsten, sou nach de Claude Turmes.
Hie verweist och drop, datt en neit europäescht Reglement sécherstellt, datt bei der Produktioun vun de Batterië gewëss Krittären agehale ginn.