Dat ass d'Resultat vun enger Stee bei Sotheby's zu New York.

Domadder ass et den zweetdeiersten Auto, dee jee ënnert den Hummer koum. Just fir e Mercedes 300 SLR Uhlenhaut Coupé gouf méi bezuelt, an zwar 135 Milliounen Euro.

De Ferrari war 38 Joer laang am Besëtz vun engem Sammler an den USA. Wien den Auto elo gesteet huet, huet Sotheby's net matgedeelt.

De Sportswon koum op Plaz 2 bei enger 1000-km-Course um Nürburgring. No e puer Courssen an Italien gouf en Enn de 60er Joren an d'USA exportéiert. Do huet en e puer Mol de Besëtzer gewiesselt, éier en 1985 an den Hänn vun engem Sammler aus Ohio gelant ass, deen den Auto e Méindeg verkaf huet.