Den 1. Passagéierfliger vu Lëtzebuerg a China ass vum Findel aus fortgeflunn
Depart war um 15.43 Auer, nodeems déi éischt Maschinn vun China Southern en Donneschdeg schonn am Grand-Duché gelant ass.
Den éischte Passagéierfliger Richtung Asien ass e Freideg de Mëtteg um Findel gestart, nodeems d'Airbus A350-900-Maschinn en Donneschdeg zu Lëtzebuerg gelant ass. Lëtzebuerg - Zhengzhou heescht den Laangstreckefluch vun der Fluchgesellschaft China Southern.
Um 15.43 Auer war den Depart, deemno mat 43 Minutte Verspéidung. Vun 314 Plazen waren der awer nëmmen 97 besat. Ma fir déi Passagéier, déi den éischte Fliger vu Lëtzebuerg a China gebucht haten, war de ganzen Tamtam ronderëm eng positiv Iwwerraschung. Mat gratis Kuch, Lëtzebuerger Cremant a klengen Cadeauen op säi Fliger waarden, dat ass natierlech net alldeeglech.
D'Passagéier ware sech dann och eens, datt den Direktvol sécherlech vill Leit wäert unzéien, Touristen, mee och Chinesen, déi am Grand-Duché wunnen a fir d'Vakanz bei d'Famill reesen. 10 Stonnen an 10 Minutten dauert de Vol, deen elo an enger éischter Phas all Freideg um 15 Auer um Findel start an ëmmer Donneschdes zu Lëtzebuerg lant. Dat ass elo mol bis Mäerz geplangt, an da wäert d'Airline kucken, ob déi Frequenz bäibehale gëtt.
Lëtzebuerg wier bis ewell gutt a Punkto Cargo mat China verbonne gewiescht, ma de Faite datt een elo och e Passagéierfliger huet dee Lëtzebuerg mat Asien connectéiert, wier eng grouss Éier, huet den Alexander Flassak vu LuxAirport nach betount.