Mir hu mat engem neien Tuner um Lëtzebuerger Marché geschwat, grad ewéi mat engem Garagist, deen eis erkläert, wéi si sou Leeschtungssteigerunge gesinn.

"Legalen Tuning", dass esou eppes optesch erlaabt ka sinn, dat weise Beispiller, déi een zum Beispill op enger Essen Motor Show ka gesinn. Dat ass jo bekanntlech de Mekka vun deenen, déi sech mat hirem Gefier wëllen an Zeen setzen.

Legalen Tuning - E Reportage vum Christian Schmit

Mee wéi gesäit et dann aus mat der Leeschtungssteigerung ënnert der Motorhauf? Eng Partie Entreprisen hu sech dorop spezialiséiert, wéi beispillsweis ganz rezent elo WOT. WOT, dat heescht? Steet fir "Wide Open Throttle", fräi iwwersat "Drosselklapp op", oder Vollgas. Freet sech just, wou engem dat nach gelénge soll. Mee d’sief.

A wéi soll dat fonctionéiere mat deem legalen Tuning? Mir hu Rendez-vous mam Jan Buyse, fir dat explizéiert ze kréien.

Jan Buyse: "Dat ass méiglech, well mir iwwer den TÜV Rheinland alles, wat mir maachen, zouloosse loossen. Dat heescht mir hunn op der enger Säit déi Autoen, déi mir kafen, oder déi, déi mir zur Verfügung gestallt kréien, mat deene mir dann e groussen Entwécklungsopwand bedreiwen.

Wa mir dann zefridde sinn, wat Leeschtung awer och den Agrément, also d’Fuergefill am Alldag betrëfft, da schécke mir d’Autoe bei den TÜV Rheinland, an déi ginn dann do iwwerpréift, genee wéi och all aneren Hiersteller säin Auto-Test.

Do ginn déi Zyklen duerchgefouert, déi do virgesi sinn, an da gëtt zertifiéiert, dass den Auto net méi verbraucht an och net méi Emissiounen huet, wéi dat am legale Kader virgesinn ass."

RTL

© Christian Schmit

Elo weess e jo, dass all Verännerung op der groer Kaart muss vermierkt ginn, resp. déi technesch Kontrollstatioun doriwwer informéiert muss ginn. Wéi verhält dat sech dann?

Jan Buyse: "Also mir ginn net selwer eng gro Kaart eraus, mee mir ginn e Certificat eraus, mat deem mir da bei SNCA ginn, an do eng nei gro a giel Kaart fir den Auto ausgestallt kréien."

Komme mir op d’Garantie-Leeschtungen am Fall, wou se schwätzen?

Jan Buyse: "Et huet een engersäits de legalen Deel mat der Assurance am Fall vun engem Accident, den zweete Volet ass d’Garantie. Do huet den Hiersteller Tendenz ze soen, wann een do un den Auto fréckele geet, déi net méi iwwerholl ass. An do hu mir, well mir un onse Produit gleewen, e Subsitut am Fong vun der Garantie dee mir ubidden. Dat heescht de Client huet net nëmmen d’Gewëssheet, dass hie legal ënnerwee ass, mee och am Fall, wou e Problem opdaucht dann och vun eis gehollef kritt."

RTL

© Christian Schmit

An och wann de Verbrenner jo dann no a no a Pensioun geschéckt géif, ass d’Branche och scho prett fir dee Know How bei Hybrid an Elektroautoen anzebauen.

Jan Buyse: "Et geet ëm d’Leeschtung mee awer och ëm d’Fuer Gefill am Alldag, ëm Deel Laascht, dat heescht de stop and go, an et ass dat wat mir beaarbechten".

D’Fro sief erlaabt, wien wëll oder gënnt sech esou e Leeschtungsplus fir seng Maschinn?

Jan Buyse: "Ma dat hänkt scho mol vum Auto selwer of. Mir hunn eng méi jonk Clientèle déi vläicht an engem méi niddrege Präis Segment keeft, an da méi do erauszéie wëll. Et sinn der vun 30 awer och därer déi 50, oder 60 sinn, hiren Auto genéissen, mee soen si géife gär den Auto nei kenneléieren, nach e Schrack eropsetzen. Dofir schwätzt een hei vun OEM Plus, wëll mir net just eng Leeschtung eropsetzen, mee den Auto zu engem méi agreabele Package maachen."

Tëscht 2.000 a bis zu 7.000 Euro wäre fälleg jee no Typ Auto.

Fir sech am legale Kader ze beweegen, war och eng gréisser Investitioun noutwenneg?

Jan Buyse: "Also dat huet natierlech och eng gewëss Infrastruktur virausgesat. Onofhängeg dovunner hu mir och natierlech Leit missten unzéien déi Qualifikatiounen hunn fir net just en Auto um Leeschtungs Préifstand ze beweegen, mee ebenfalls drun ze schaffen. Ingenieuren aus der Industrie, mir hu Leit déi ganz laange Joren Erfarung hunn. Dat zesummen mécht haut dass mir alles intern kënne maachen, an op ganz wéineg Saachen op Externer ugewise sinn."

RTL

© Christian Schmit

Wéi stinn d'Garagisten zu Leeschtungssteigerungen?

Eriwwer da bei de Garagiste fir ze froen, wat da passéiert, wann en Auto mat enger Leeschtungssteigerung bei si an d’Revisioun kënnt. Den Daniel Leinen, Serviceleiter vu MERBAG Lëtzebuerg.

"Wir nehmen das Fahrzeug ganz normal rein. Bedeutet, dass wenn der Kunde uns nicht ausdrücklich darauf hinweist, dass auf das originale Steuergerät, eine Software aufgespielt wurde, und eine Kennfeldanpassung gemacht wurde, und wir würden eine Software-Aktualisierung des Motorsteuergerätes vornehmen, dann wird dieses Tuning in dem Moment überschrieben."

Deem kann awer relativ einfach entgéint gewierkt ginn.

Et ginn an tëscht Beispiller vun Tuner déi bewosst dorop hiweisen?

Daniel Leinen: "Ja das gibt es absolut. Es gibt auch andere Möglichkeiten, bedeutet man kann eune zusäzuliche Box installieren, die keinen Einfluss auf das Motorsteuergerät selbst hat. In dem Fall würde nichts passieren."

A wéi gesäit et mat de Garantie Leeschtungen aus am Fall wou?

Daniel Leinen:"Bei einem Motor Tuning entfallen die Hersteller Garantien und deren Bestimmungen. Im Normalfall, wenn es ein seriöser Tuner ist, der bietet dann eine Garantie mit an, aber die normale Garantie erlischt auf dem kompletten Antriebsstrang."

Op der Internetsäit vun der technescher Kontrollstatioun SNCT fënnt een zum Thema Leeschtungssteigerung direkt emol näischt.

Eng Mail mat der konkreter Fro, wat passéiert wann ech mech mat mengem Auto mat "Extra Power" do presentéieren, blouf bis haut och e puer Wochen no der Ufro ouni Äntwert. Vläicht jo, well den Auto beim Passage am Contrôle Technique guer net dorop gepréift gëtt?

Mir hale fest, Leeschtungssteigerung op legaler Basis fonctionéiert. Et muss engem awer eng Partie Dausender extra wäert sinn, grad ewéi d'Gewëssheet, dass d'Wierksgarantie vum Auto fleeten ass.