Mat enger Stonn Verspéidung gouf nees vun Tempo 70 op 90 ëmgestallt

© RTL Mobile Reporter
Wéinst enger Waasserpann war d'Vitess am Tunnel op 70km/h reduzéiert. Um Dënschdeg 9. Januar 2024 gouf dat nees réckgängeg gemaach.
Zanter Mëtt Dezember war am Tunnel Gousselerbierg op der Nordstrooss d'Vitess op 70 Kilometer d'Stonn limitéiert, an net wéi soss op 90 Km/h. De Grond dofir war eng Waasserfuite tëscht dem Viaduc Luerenzweiler an dem Tunnel, déi Repercussiounen op d'Sécherheet huet. De Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées erkläert, dass d’Vitesslimitatioun am Tunnel erofgesat gi wier, fir de Risk vun Accidenter a schlëmmen Accidenter ze reduzéieren.
Mëttlerweil gouf eng Léisung fonnt fir de Waasserproblem, wouropshin dann dësen Dënschdeg um 10 Auer d'Vitesslimitatioun am Tunnel nees vu 70 op 90 ugehuewe sollt ginn. Dat huet awer net richteg geklappt. Och no 10 Auer koumen ëmmer nees Meldungen eran, dass nach ëmmer Tempo 70 affichéiert géif ginn.
Op Nofro bei Ponts et Chaussées huet et geheescht, dass et et kee Problem mat den Installatioune gëtt, an dass et da géint 11 Auer war, wou d'Ëmschalte geschitt ass.

© Arnaud Serexhe