Projet geet an zwou Richtungen an der Stad weider

Tëscht de Statioune Rout Bréck/Pafendall duerch den Europa-Quartier an der Laangfur um Kierchbierg, an tëscht der Stater Gare an der Porte de Hollerich.
De Rapporter vum entspriechende Gesetzesprojet, deen nach vum grénge Minister François Bausch deposéiert gouf, gëtt dës Woch an der Chamber-Mobilitéitskommissioun designéiert.
De Käschtepunkt fir d'Extensioun vun dësen Tramslinne chiffréiert sech op eng 135 Milliounen, woubäi de Staat 90 Milliounen Euro dréit, an d'Stater Gemeng 45 Milliounen Euro bäisteiert.
Entretemps ass geplangt, datt d'Verlängerung vun der Tramslinn bis op de Futtballstadion op der Cloche d'Or soll bis Mëtt des Joers ofgeschloss sinn.
Bis Enn des Joers sollen d'Tramspassagéier iwwerdeem op där anerer Säit vun der Stad vum Kierchbierg bis op de Findel kënne weiderfueren - op dëser 4 Kilometer laanger Stréck ass mam Héienhaff just een Arrêt virgesinn.

© Luxtram.lu