Zolitte Schantje blockéiert den Trafic vu Mäerz un an dat iwwer Méint

© Anne Wolff
Zu Beetebuerg steet e grousse Schantjen an d'Haus: Vum 15. Mäerz u gëtt d'Bréck a Richtung Gare ersat.
Bis Enn des Jores wäert do also d‘'Strooss gespaart sinn an domat och d'Haaptverkéiersoder vu Beetebuerg. D'Deviatioune wäerten da béidsäiteg groussraimeg ronderëm den Zentrum lafen. D'Ponts et Chaussées wäerten e Méindeg den Owend an enger Informatiounsversammlung dozou den Detail ginn.
D'Aarbechte wieren absolut noutwenneg, erkläert de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet. D'Bréck wier no 50 Joer einfach um Enn vun hirem Déngscht. Se soll elo duerch eng sougenannte Bow-Konstruktioun ersat ginn, also eng Bréck, déi un zwee grousse Béi hänkt. Déi gëtt op der Plaz zesummegesat an dann am Summer opgeriicht. Dofir ass dann och den Zuchverkéier vu Mëtt Juli bis Mëtt August ënnerbrach an d'Passagéier mussen op Ersatz-Navetten zeréckgräifen. Wärend deem Mount gëtt et dann awer provisoresch Busgaren op deenen zwou Säite vun der Bréck.
Geschäftsleit maache sech Suergen
Moies em kuerz virun 8, déi éischt Clientë sëtzen hei beim Kaffi an der Garer Strooss zu Beetebuerg. Ma ob dat esou bleift, wann de Chantier bis amgaang ass, do ass d'Patronne vum Café, d‘Nadine Stefanutti Larosch, sech net esou sécher. Si kritt d'Ersatz-Busquaie bal virun de Café..
"Mir maachen eis natierlech Suergen, ob d‘Leit elo wëllen am Stau stoen, fir Owes e Patt huelen. An och d‘Veräiner, déi owes alt emol no hire Versammlunge kommen, ob déi dann nach den Ëmwee maachen, wann et net méi direkt um Wee läit".
E puer Meter d‘Strooss erop läit d'Retouchegeschäft vum Gosia Czarnecka an dem Elio Flammia. Och si fäerte manner Clienten ze hunn. Anescht wéi z.B d‘Assurancen hätte si manner Stammclienten a géife méi vum Passage liewen. "Si le pont est fermé, personne va venir!", fäert den Elio.

© Anne Wolff
E gudde Kilometer baussent dem Zentrum läit eng Galerie, mat engem Supermarché an e puer anere Geschäfter, dorënner en Hobbybuttek. Fir de Gerant ass dat Ganzt eng Katastroph, net nëmme fir d'Clienten, mee och fir d'Employéen, déi elo schonn am Stau stéingen. Vum Mäerz u stellt hie sech dofir op méi e laangen Aarbechtswee an.
De Beetebuerger Geschäftsverband allerdéngs gesäit de Chantier als eng Chance. D'Leit wieren da schliisslech méi zu Fouss ënnerwee, mengt de President Anibal d Cruz: "Dann ass méi Passage. Natierlech muss ee sech ëmstellen, mee et muss een als Geschäft och flexibel sinn, et kann een net bei engem Modell bleiwen".
Duerch méi Foussgänger kréichen d'Geschäfter am Zentrum nees méi Visibilitéit, an och bei de Stammclienten ass de President optimistesch. Déi géifen trotz Chantier kommen. Schliisslech wieren déi meescht Commercen am Beräich vun den Zerwisser an déi géife weider gebraucht.
Ëmstelle wëllt och d‘Nadine Stefanutti aus dem Café op der Garer Strooss, andeems ee méi fréi opmécht a Kaffi a Croissanten to go ubitt. Ma fir anere Geschäfter wéi z.B d'Retouche ass d‘Ëmstellung wuel net esou evident.