Dee lescht Woch vum EU-Parlament an engem Vott rejetéierten obligatoresche Gesondheetscheck fir eng Verlängerung vum Permis, gëtt et zu Lëtzebuerg schonn.

Ob ee vu 60 Joer un en obligatoresche Gesondheetscheck muss maachen, fir de Fürerschäin verlängert ze kréien, dierfen d'EU-Memberstaate weider selwer decidéieren. D'EU-Parlament huet lescht Woch nämlech géint eng europawäit Obligatioun gestëmmt.

Zu Lëtzebuerg an an 13 aneren EU-Länner sinn déi Gesondheetskontrolle scho Flicht. Wat schwätzt dofir a sinn eeler Leit méi eng grouss Gefor am Verkéier wéi aner Chauffeuren?

Wéini si medezinesch Kontrollen am Alter obligatoresch?

Ween zu Lëtzebuerg de Führerschäin verlängere wëll, muss vu 60 Joer un ee Certificat vum Dokter matschécken, datt een nach fäeg ass ze fueren. Ab 70 ass de medezineschen Check all 5 Joer obligatoresch. Vun 80 Joer un esouguer all 2 Joer.

"Mir hu relative Succès domadder, well eeler Persounen net bei schwéieren an déidleche Verkéiersaccidenter iwwerrepresentéiert sinn. Au contraire!", seet de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière.

Virfaarten a méi komplex Manövere méi schwiereg am Alter

Zuele vun 2022 weisen, datt schwéier an déidlech Verkéiersaccidenter virop vu Leit am Alter tëscht 25 a 44 Joer verursaacht ginn. Éischter seele vu Chauffeuren iwwer 65 Joer. Éischt Ursaach vu schwéieren Accidenter si Vitess an Alkohol.

RTL

Bei Senioren awer géifen déi u sech bei Accidenter keng grouss Roll spillen, betount d’Dr. Martine Hoffmann, Psychotherapeutin a Responsabel vu Gero Research. "Et ass éischter de Statistiken no, datt Virfaarten net wouergeholl ginn an eben och bei méi komplexe Manövere, wou et méi schwiereg gëtt."

"Medezinesch Kontrolle ginn net duer"

Och wann all Persoun anescht altert, géif eng Etude weisen, datt déi aktiv Bedeelegung un Accidenter -  zwar manner uergen - vu 75 Joer u signifikativ klamme géif, erkläert d’Dr. Martine Hoffmann. Deemno wieren d’medezinesch Tester am Alter wichteg. Ma si eleng géifen net duergoen.

Dofir proposéiert Gero, de Kompetenzzenter fir den Alter, all zwee Joer e sougenannte Senior’s Drivers Day am Centre de formation pour conducteurs um Colmar-Bierg. De Retour wär ganz positiv, esou d’Erfarung vum Alain Brever, Direkter vu Gero. "Mir denken, wat d’Selbsterfarung ass, dat ass méi wichteg, wéi e medezineschen Test. Oder am beschten, déi zwee zesummen.

Och d’Sécurité Routière recommandéiert eelere Leit, wa se sech net méi esou sécher fillen, e Stage um Colmar-Bierg ze maachen.

Wéi gesinn d'Senioren et?

Et wéilt een de Senioren op alle Fall keng Angscht maachen an hinnen näischt fort huelen. Well d'Autofueren ass och fir si e Gefill vu Fräiheet a Flexibilitéit. Sou och fir déi 81 Joer al Marie-Paul Theisen, fir déi et méi wéi normal ass, datt ee reegelméisseg an e Gesondheetscheck muss: "Ech ka mer och virstellen, datt een all Joers misst goen. Ech hätt do näischt dogéint. Och fir d'Reaktiounsfäegkeet, net just fir d'Sënner ze checken, d'Aen oder d'Gehéier."

Jidderee géif anescht eelzen huet d'Marie-Paul Theisen nach betount, dofir wier et immens individuell, vu wéini un een net méi apte wier, ze fueren. An hiren Ae wier sou ee Gesondheetscheck u sech awer fir all Alterskategorie vun Zäit zu Zäit sënnvoll, net just fir d'Senioren.

Fürerschäi-Verlängerung fir Senioren / Reportage: Claudia Kollwelter