Obwuel laang driwwer op EU-Niveau diskutéiert gouf, ass d'Parlament zu Stroossbuerg zum Entschloss komm, dass all Land selwer heiriwwer muss decidéieren.

Déi Deputéiert am EU-Parlament hunn dofir ofgestëmmt, dass déi national Regierungen an Zukunft selwer de Choix huele sollen, ob Besëtzer vun engem Permis beispillsweis en obligatoreschen Test vun den Aen an den Ouere maache mussen oder net. An enger Partie Länner ginn et sou Medezinchecke jo schonn eng Zäitchen.

Den EU-Rot hat sech iwwregens scho virun iwwer 2 Méint dofir ausgeschwat, dass d'EU-Memberlänner selwer fir sou obligatoresch Tester missten eng Decisioun huelen an dass et keng flächendeckend EU-Reglementatioun gëtt.

Den Ustouss vun esou engem Iwwerschaffe vun der Reglementatioun fir Besëtzer vun engem Permis geet op eng Propos säitens der EU-Kommissioun aus dem Fréijoer 2023 zeréck. Hei war et de Virschlag, dass Chaufferen all 15 Joer en neie Permis ufroen an dofir e medezineschen Test oder eng aner Confirmatioun iwwert d'Gesondheet vum Chauffer bei den zoustännegen Autoritéite virleeë missten.

No dëser Propos louch natierlech och dacks de Fokus op eelere Mënschen an ob dës Persounen e méi héije Risk am Verkéier duerstellen.

Och wa geziilt dës Proposen elo säitens dem EU-Parlament vum Dësch sinn, ginn et awer eng Rei Bestëmmunge fir de prakteschen Examen. An Zukunft soll d'Fuere bei Schnéi a Glatäis, dat séchert Notze vum Handy wärend dem Fueren a Fuerassistenz-Systemer Deel vun enger Prüfung an der EU sinn. Fir Ufänger soll och eng Proufzäit vun zwee Joer dobäi kommen, dat EU-wäit.

Wéi Bréissel duerleet, stierwen all Joer iwwer 20.000 Mënschen op eise Stroossen, dat eleng am Stroossennetz vun der EU. D'Zil vun der Reform wier et, bis 2030 dëst Zuel op d'Hallschent ze reduzéieren. D'Berodungen iwwert d'Aféiere vum Gesetz an de Memberlänner wäerten no den Europawalen am Juni ufänken.