An Däitschland gëtt en Donneschdeg souwuel bei der Eisebunn, wéi am Fluchtrafic gestreikt. D'Annulatioune vun Zich a Flich hunn och en Impakt op Lëtzebuerg

Zanter zwou Auer en Donneschdeg de Moie fréi hunn d'Maschiniste bei der däitscher Bunn d'Aarbecht niddergeluecht. Dat aus Protest ëm besser Paien an Aarbechtszäiten. De Streik soll eng 35 Stonnen daueren an deemno bis e Samschdeg de Mëtteg goen.

Et gi Grënn, fir d'Aarbecht nidderzeleeën, gesicht, kritiséiert den däitsche Verkéiersminister Wissing. D’Gewerkschaft GDL wär net u Léisungen interesséiert. Duerchgräife wéilt d’Regierung awer net.

Och den Zuchtrafic mat Lëtzebuerg ass doduerch impaktéiert. Tëscht Waasserbëlleg a Wittlich fiert keen Zuch, grad esou ass d'Verbindung tëscht der Stater Gare mat Tréier bis op Koblenz gestéiert.

Den Detail fannt Dir um Site vun den CFL.

Donieft gëtt en Donneschdeg och e Warnstreik beim Buedempersonal vun der Lufthansa organiséiert. Hei wäerten eng 90% vun de Flich bis e Samschdeg de Moien net kënne starten. Zu Frankfurt an zu Hamburg huet d'Sécherheetspersonal sech dem Streik ugeschloss, sou dass do iwwerhaapt keng Volle kënne fortgoen.

Och de Findel ass doduerch betraff. De Luxair-Fluch vu München en Donneschdeg de Moien zum Beispill gouf schonn annuléiert, grad ewéi dee vun Hamburg. Och bei dësem Streik geet et ëm besser Paien an Aarbechtskonditiounen.