Projet Vëlodukt um Belval soll Enn Mee 2024 ofgeschloss ginn

© Pierre Weimerskirch
Ronn 220 Cyclisten notzen d'Bréck, déi ronn 48 Milliounen Euro kascht huet, an der Moyenne pro Dag.
Aarbechte solle virum Summer fäerdeg sinn
Zanter der Aweiung vun der Vëlosbréck, déi de Belval mat Esch verbënnt, ginn op der Streck nach verschidde Chantieren an Aarbechten. Aktuell bezéie sech dës op de Waasserspigel mam Amenagement ronderëm de Lift op der Säit vum Belval, deen och bis ewell nach guer net op war, esou heescht et vum zoustännege Ministère. Weider lafen op anere Plaze nach Finitiounsaarbechte laanscht Bréck. Verschidde vun dësen Aarbechte kënnen awer just bei gudde Wiederbedéngunge realiséiert ginn.

© Pierre Weimerskirch
Da ginn awer momentan och nach Beem an Hecken tëscht de Rampen op der Escher Säit ewéi och op der Säit vum Belval geplanzt. De Projet wäert fir Enn Mee 2024 ofgeschloss sinn.
Ronn 220 Passagë pro Dag
De Ministère fir ëffentlech Baue präziséiert an hirer Äntwert, datt ee zwar Zuele fir d'Cyclisten, déi de Vëlodukt benotzten, huet, bei de Foussgänger wier dat awer anescht.
Zielunge goufen nämlech tëscht dem 1. Mee an dem 31. Oktober dat lescht Joer duerchgefouert an dobäi koum een op ronn 36.500 Passagen, also an der Moyenne 220 den Dag. Wuel gemierkt fir d'Cyclisten. De Spëtzewäert op een Dag koum aus dem September: Hei hat een a 24 Stonnen 1.050 Passage gezielt. Iwwregens war dëst och de beschte Mount mat ronn 8.700 Mol, datt Cyclisten driwwer gefuer sinn.
Budget gëtt agehalen
Dat huet de Ministère dann nach eng weider Kéier confirméiert. De sougenannte Vëlodukt ass déi längste Vëlosbréck an Europa, dat mat enger Längt vun 1,2 Kilometer an enger Breet vun 4,5 Meter, esou datt se vu Foussgänger a Cycliste genotzt ka ginn. Si geet vun Esch iwwert de fréiere Produktiounssite vun ArcelorMittal bis op de Belval. Si ass en Deel vum nationale Mobilitéitsplang an huet knapp 48 Milliounen Euro kascht. Nach am Joer 2020 gouf de Budget mat 34,5 Milliounen Euro ugesat an d'Joer drop schonn op 36 eropgesat. Schlussendlech gouf am Oktober 2022, kuerz éier d'Bréck am Dezember ageweit gouf, de Budget op 47, Milliounen Euro opgesat.