Nodeems dat entspriechend Finanzéierungsgesetz eréischt dës Woch an der Chamber gestëmmt gouf, war e Freideg schonn d'Aweiung vun der Vëlosbréck am Süden.

Längste Vëlosbréck an Europa ageweit / Claudia Kollwelter

1,2 Kilometer ass se laang a 4,5 Meter breet: déi nei Vëlos- a Foussgängerbréck tëscht Esch-Belval an dem Escher Zentrum gouf e Freideg offiziell ageweit. Dëst wär dann och déi "längst Vëlosbréck a ganz Europa", déi Esch-Uelzecht iwwert de fréiere Stol-Produktiounssite vun ArcelorMittal mam Belval verbënnt. Dës Infrastruktur ass en Deel vun der Vëlospist PC8 an ass dann am Ganzen 2 Kilometer laang.

D'Bréck ass Deel vum nationale Mobilitéitsplang an huet ronn 48 Milliounen Euro kascht. De Projet ass nach net ganz fäerdeg. Bis 2024 soll ënnert anerem de Site iwwert deen d'Piste leeft nach beplanzt ginn an e Siichtschutz en Place gesat ginn.

D'Bréck verleeft zum Deel iwwer den Terrain vun ArcelorMittal. Mat Bléck op déi fréier Héichiewe verbënnt si den historeschen Deel vun der Lëtzebuerger Stolindustrie mat der Zukunft. Et war awer net einfach déi Responsabel vum Stolproduzent mat an d'Boot ze kréien.

Déi stolen Elementer vun der Bréck goufe bei ArcelorMittal produzéiert. D'Vëlos- a Foussgängerbréck steet op am Ganze 65 Pilieren.

De Budget vun 2020 hat d'Käschte mat 34,5 Millioune festgehalen, ma e Joer drop gouf dat schonn op 36 Millioune gehéicht, duerch Zousazaarbechten a méi héich Materialkäschten. Am Oktober dëst Joer huet de Mobilitéitsminister dunn e Projet fir e Finanzéierungsgesetz agereecht, well de Budget mat 47,5 Milliounen Euro de Seuil depasséiert huet, vun deem un d'Chamber hiren Accord muss ginn. Déi rezentst Hausse huet de Ministère domat begrënnt, datt wärend den Aarbechten Imprevuen dobäi koumen.

De Projet gëllt als wichtege Baustee vun der nationaler Vëlospist PC8 an ass och fir d'Foussgänger zougänglech an och esou gebaut, dass de CGDIS fir de Fall vun enger Interventioun Accès huet.

Vun engem gelongene Projet, dee wichteg fir d'Regioun wier huet de Mobilitéitsminister François Bausch e Freideg de Mëtteg geschwat a betount, datt et net just e wichtege Projet fir d’Mobilité douce wier, mä och den industrielle Patrimoine heimat valoriséiert géif ginn.

Am Juni zejoert war den éischte Spuedestéch, et wier deemno a Rekordzäit geschafft ginn: "15 Méint ënner Konditiounen déi net einfach sinn, op schwieregem Terrain. Wann een op allen Industriebroochen ufänkt ze buddelen a baggeren, da kommen och ëmmer méi Iwwerraschungen vir. Dofir ass de Projet och méi deier ginn, wéi mer Ufanks geduecht hunn."

De François Bausch iwwert d'Aarbechtskonditiounen

Nämlech ronn 48 Milliounen. En Investissement deen awer souwuel wichteg wier fir d'Mobilitéit an awer och fir d'Gesellschaft: "Fir Esch ass dëst eppes wat nogeholl gouf, wat an der Konzeptioun vum Belval an der Zäit verpasst gouf. Nämlech en uerdentlechen Urbanismus ze hunn, mä och dat historescht Esch mat dem neien Esch fir Foussgänger a Vëlosfuerer ze verbannen."

De Mobilitéitsminister zu den Investissementer

Dës Passerelle, déi d'Minettemetropole mam Belval verbënnt, soll dann och Drock op d'Gemengen Esch a Suessem ausüben. Un hinne wär et elo hir respektiv Vëlosweeër deementspriechend auszebauen.

D'Schreiwes vum Mobilitéitsministère

Inauguration de la liaison cyclable directe entre Esch-sur-Alzette et Belval et de la plus longue passerelle cycliste d'Europe (23.12.2022)
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration des ponts et chaussées

La liaison cyclable directe entre Esch-sur-Alzette et Belval qui comporte notamment la passerelle cycliste la plus longue en Europe, a été inaugurée le vendredi 23 décembre 2022 par François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, en présence de Joëlle Welfring, ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable, Georges Mischo, bourgmestre de la commune d'Esch-sur-Alzette, et Simone Asselborn-Bintz, bourgmestre de la commune de Sanem.

Le projet s'inscrit dans le cadre du développement des pistes cyclables au Grand-Duché de Luxembourg, élément essentiel du Plan national de la mobilité 2035. Cette liaison cyclable d'une longueur totale de 2 kilomètres est subdivisée en 5 tronçons successifs entre la ville d'Esch-sur-Alzette et le quartier Belval.
La passerelle cyclo-pédestre constitue la pièce maîtresse du projet. D'une longueur totale de 1.200m, d'une largeur de 4,50m et surélevée à 7,50m, elle comprend également l'aménagement de deux placettes d'une largeur de 8,50m, respectivement 10,50m pour créer des espaces de repos. De même, des aménagements paysagers sur 1,2 hectare sont compris sur le tronçon « Allée ». A l'approche du site de Belval, des escaliers et un ascenseur raccordés à l'avenue du Rock'n'Roll assurent également la circulation verticale.

« Cette liaison cyclable directe constitue une importante pièce de puzzle de l'infrastructure cyclable dans l'objectif d'améliorer la mobilité douce au cœur du sud du pays. Selon le Plan national de mobilité 2035, il s'agit d'un axe constituant une étape cruciale dans la construction de la piste cyclable express reliant Esch-sur-Alzette à Luxembourg. Ce projet permettra aux piétons et aux cyclistes un chemin direct et un déplacement en toute sécurité entre l'ancien quartier d'Esch-sur-Alzette et le quartier universitaire Belval. Le Luxembourg verra le tourisme rebondir avec une attractivité particulièrement marquée par la plus longue passerelle cycliste d'Europe encadrée par le site sidérurgique qui se caractérise par un mélange de patrimoine industriel, d'architecture moderne et des voies de chemin de fer. Quand on travaille sur un projet de mobilité, il faut également assurer », s'est réjoui le ministre François Bausch lors de l'inauguration.

Joëlle Welfring ajoute : « Le vélo offre de très nombreux avantages. Pour qu'il soit utilisé, il faut bien sûr une infrastructure cyclable sûre. Cette nouvelle passerelle pour piétons et cyclistes est un pas de plus vers une planification sûre du trafic ici à Esch ».

Les travaux ont commencé au mois de juin 2021. Le coût total du projet s'élève à 47,5 millions d'euros.

Finalement, une exposition sur la passerelle est ouverte au grand public du 23 décembre 2022 jusqu'au 1er janvier 2023. Il sera également l'occasion de profiter d'une exposition photographique de l'artiste Eric Chenal à propos de ce projet d'envergure, samedi le 24 décembre de 10h00 à 15h00 à l'adresse suivante : 1, avenue du Rock'n'Roll, L-4361 Esch-sur-Alzette.