D'House of Automobile hat rezent Zuele publizéiert, aus deenen ervirgeet, dass en Taux vun 49 Elektrogefierer bis 2030 net realistesch wier.

Et géifen net genuch dëser Gefierer verkaf ginn, fir den Taux ze erreechen. An den Ae vum Mouvement ecologique misst elo analyséiert ginn, wourunner dat läit.

Reaktioun um Mouveco op d'Verkafszuele vun E-Autoen / Pit Everling

Dem Christophe Muroccu vum Mouvement no géifen et e puer Schrauwe ginn, un deenen ee kéint dréien: "Beispill Déngschtween, do si mer grad an engem Transitiounsjoer, wann ee sou wëll. Vun nächstem Joer u solle just nach Elektrogefierer do indirekt souzesoen erlaabt sinn, dat heescht, do kéint ee mol eng Analys maachen. Ech denken, et wär interessant ze kucken, och wéi et beim Leasing social steet. Dat ass eng Mesure, déi stoung am nationalen Energie a Klimaplang. Bis ewell ass een awer vun der Regierung nach keng Detailer gewuer ginn. Ech denken awer och un d'Bornen, sief et op Aarbechtsplazen oder bei Appartementshaiser."

Fir de Mouvement ecologique mussen déi staatlech Primmen iwwer de Juni eraus verlängert ginn. De System sollt awer ugepasst an zum Beispill eng sozial Stafflung agefouert ginn. De Staat sollt net verschiddene Stéit hir Luxusautoe finanzéieren.

Zur Propos vum Automobilshaus, fir Primme fir Occasiounsautoen anzeféieren, gëtt et am Oekozenter nach keng konkret Positioun.

Et wier awer kloer, dass beim Occasiounsmaart fir Elektrogefierer eppes misst passéieren, sou de Christophe Muroccu: "Dat fir de Verkaf vun Occasiounsautoe méi attraktiv ze maachen. Mir hunn elo nach keng konkreet Meenung dozou, ob dat elo soll iwwer Primme goen oder, ob et do vläicht aner Méiglechkeete gëtt. Mä Fakt ass awer, an ech mengen, dat gouf jo och esou konstatéiert, den Occasiounsmarché leeft nach net esou wéi e soll."

Um Datum vum Verbrennerverbuet vun 2035 soll net gefréckelt ginn. D'Autosconstructeure missten d'Zukunft kënne plangen.

De Mouvement ecologique stellt fir säin Deel net fest, datt déi generell Stëmmung vis-à-vis vun der Elektromobilitéit gekippt ass.