Neie System fir Elektro-Primme soll sou séier wéi méiglech annoncéiert ginn

Et gëtt eng gewëss Perte de Vitesse bei de Ventë vun Elektrogefierer, confirméiert den Automobilclub.
Ganz wichteg wier et fir d'Leit, Planungssécherheet ze hunn. Den ACL plädéiert dowéinst derfir, datt mat Zäiten annoncéiert gëtt, wéi ee Primmesystem nom Juni kéint ausgesinn.
D'Zuel vun de Verkeef geet zwar erop, awer net séier genuch. Dat géing ee scho gesinn, esou de Frank Maas vum ACL. Vun engem Abroch kéint awer keng Rieds goen. Wouru läit et?
Den ACL stellt bei senge Memberen eng Rei Onsécherheete fest. "Éischtens mol, wat d'Technologien ubelaangt. Déi Technologie geet ganz séier weider an d'Leit stelle sech dann natierlech d'Fro vum Wäertverloscht vum Auto. Dat ass mol eng Ursaach. Dann ass et och sécher, dass déi elektresch Autoen awer net ganz gënschteg sinn, wat den Akaf ubelaangt. An trotz de Primme vum Staat bleiwen et deier Autoen."
En neie Primmesystem sollt sou séier wéi méiglech annoncéiert ginn, fënnt den Automobilclub. Zur Propos vum House of Automobile, fir Primme fir elektresch Occasiounsautoen anzeféieren, seet den ACL, datt een dat kéint consideréieren, ma datt sech awer do e puer Froe bei der Ëmsetzung géinge stellen.
"Natierlech muss een dann awer bedenken, wann de Staat zweemol eng Primm fir dee selwechten Auto muss bezuelen, da muss een och kucken, wéi een déi Primmen dann opdeelt vum neien Auto, par Rapport zu der Occasioun. Also d'Ëmsetzung ass scho méi schwiereg an da misst da wierklech e Kader geschafe ginn, dee ganz kloer an duerchsichteg wier, dass all Mënsch sech domadder och zu Recht fënnt."
Et wier schwéier ze soen, ob den europäesche Stéchdatum vun 2035 fir de Verbrennerverbuet nach anzehalen ass. Alles wier vläicht bësse séier gaangen, fënnt de Frank Maas.
Wat d'Lëtzebuerger Ziler fir 2030 ugeet, sou kéint een déi awer redefinéieren, wann ee géing gesinn, datt se net ze realiséiere sinn, sou den ACL.
Den Automobilclub hält am Moment Konferenze, fir d'Leit iwwer d'Elektromobilitéit ze informéieren. Bei den Depannagë géing een iwwregens bis elo net feststellen, datt Elektroautoe ufälleg fir gréisser Problemer wieren, sou nach de Frank Maas.