An de leschten Deeg war et ëmmer nees zu Perturbatioune vum Zuchverkéier tëscht Beetebuerg an Esch komm.

Wéi d'CFL e Freideg an engem Schreiwes matdeelen, hätt een elo erausfonnt, dass Problemer mam Stellwierk zu Näerzeng de Grond fir d'Stéierunge gewiescht wieren.

Dëse Probleem gëtt elo an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gefléckt. Op Grond vun dësen Aarbechte wäert en Deel vun den Zich op de Linne Stad - Esch-Uelzecht - Rodange an Näerzeng - Rëmeleng ausfalen.

Op der Linn Stad - Esch-Uelzecht - Rodange fale folgend Zich aus:

Vun der Stad op Rodange sinn et d'Zich mat den Departen e Freideg um 23h32 an e Samschdeg um 1h18 an um 3h18.

Vu Rodange an d'Stad sinn et d'Zich mat den Departen e Samschdeg um 1h32, um 2h32 an um 4h32.

Weiderhin ass den Zuch vun Esch an d'Stad e Samschdeg um 4h48 annuléiert.

Op der Linn Näerzeng - Rëmeleng fueren iwwerdeems wärend dem ganze Freideg keng Zich.

Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vun den CFL.