D'Police huet 183 Avertissements taxés geschriwwen

© Police
Am Kader vum Speedmarathon de leschte Freideg huet d'Police am Ganzen 235 Vitesskontrolle gemaach.
Am Kader vun dëse Kontrolle goufen am Ganzen 183 Avertissements taxés wéinst enger ze héijer Vitess ausgestallt. An 115 Fäll huet dee concernéierte Chauffer missen 49 Euro bezuelen. 68 Chaufferen kruten 2 Punkten ofgeholl an hu missen 145 Euro bezuelen.
Iwwerdeems goufe géint 5 Chauffere Procès-verbauxe wéinst engem Délit de grande vitesse gemaach an zwee Führerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.
Nieft de Chaufferen, déi vun der Police kontrolléiert goufen, goufen der knapps 2.500 vun engem vun zwee mobille Radare geblëtzt, déi am Kader vum Speedmarathon installéiert goufen. Dorënner ee Chauffer, deen op der A4 mat 147 amplaz vun den erlaabten 90 Stonnekilometer ënnerwee war.