Et verwonnert net, an d'Chifferen weisen et: den Auto-Occasiounsmaart ass zu Lëtzebuerg méi dynamesch, wéi den Handel mat neie Ween.

Dat obwuel d'Präisser vun de gebrauchte Ween nawell ferm ugezunn hunn. Sou goufen zejoert knapp 59.000 Occasiounsween ugemellt, nei Autoe waren et der 10.000 manner.

Wat awer béid Mäert net ënnerscheet, ass de Goût vun de Leit: sou huet d'Mark VW d'Nues vir, op d'mannst wat d'Annoncen ugeet.

Hannendrun am Ranking vun den Occasiounsween leie mat Audi, BMW a Mercedes weider däitsch Produzenten. Dat viru Skoda, Porsche a Ford.

RTL

© ACL / Luxauto

D'Präisser vun den Occasiounsween sinn net nëmme stabel bliwwen, mä iwwert d'Jore geklommen: an der Moyenne louch de Präis fir esou e Gefier 2020 bei 26.000 Euro. Aktuell läit den Duerchschnëttspräis bei 38.000 Euro.

D'grouss Demande an d'héich Präisser vun den neien Elektroautoe bréngt dës Hausse mat sech.

Iwwerdeem geet de Kilometrage vun den offréierten Occasiounsween erof. Aktuell läit dee bei duerchschnëttlech 51.000 Kilometer. Virun 2 Joer louch dës nach bei 65.000 KM.

Hybrid an Elektroautoe maachen nëmmen e ganz klengen Deel um Occasiounsmaart aus: sou goufen zejoert 57.000 Bensinn- an Diesel-Ween annoncéiert, iwwerdeem et der nëmmen 6.000 elektrescher oder hybrider waren.

RTL

© Luxauto

Dës Chifferen deelt den ACL zesumme mam Site Luxauto mat, dëst am Virfeld vum Auto-Occasiounsmaart, deen den nächste Méindeg ufänkt.