Zanter Mëtt Mäerz ass de Pont Hammerel - d'Bréck zu Beetebuerg, déi iwwer d'Gare geet - fir den Trafic gespaart. No 5 Joerzéngten, war si an d'Jore komm.

Déi Responsabel vu Ponts & Chaussées haten de Choix, déi aktuell Bréck ze flécken oder eng komplett nei ze bauen, woumat schonn am Februar ugefaange gouf. Dat direkt nieft där aler. Et ass eng Stolkonstruktioun mat engem Bou. Si huet duerno eng Längt vun 148 Meter, ass 22,5 Meter héich a bréngt ouni Probleemer 1.300 Tonnen op d'Wo. Dovunner ass eleng de mëttelsten Deel schonn 990 Tonne schwéier. De Bou wäert vu 44 metallene Kabele gehale ginn.

Et ass eng spezialiséiert Firma aus der Belsch, déi déi eenzel Elementer vun der neier Bréck zesummeschweesst. Eng franséisch Firma wäert déi al Bréck ofrappen an eng spezialiséiert Firma aus Holland këmmert sech am Summer ëm d'Eriwwerréckele vun der neier Bréck op hir definitiv Plaz.

Vum 13. Juli bis Mëtt August bleift dann d'Beetebuerger Gare fir den Zuchtrafic gespaart. Wärend där Zäit gëtt déi al Bréck ofgerappt an déi nei installéiert. 23 Milliounen Euro kascht se a soll eng 100 Joer halen.