Wéinst engem gréisseren Exercice vum CGDIS an Zesummenaarbecht mat der ITM an der Police gëtt den Tunnel fir e puer Stonne fir de Verkéier zougemaach.

Geprouft gëtt deemno fir den Eeschtfall an engem Tunnel. Wéi verhale sech déi eenzel Ekippe bei esou engem Virfall? Kann ee gutt zesummeschaffen? Wéi harmonéiere si zesummen, wat leeft gutt a bei wat muss den Hiewel nach ugesat ginn? Ënner anerem probéiert ee mat esou engem Exercice Äntwerten op dës Froen ze fannen.

Eemol d'Joer muss enger Europäescher Direktive no esou eng Übung hei am Land organiséiert ginn. No der Brandkatastroph vun 1999 am Tunnel vum Mont Blanc, mat deemools 39 Doudegen, gouf International reagéiert.

RTL

Fir dësen Exercice gëtt d'A13 tëscht den Echangeure Schengen a Munneref a béid Richtunge gespaart, esou wéi d'Accèse vu Schengen a Richtung Beetebuerg a vu Munneref a Richtung Grenz. D'Deviatioune lafen iwwer d'N10, d'N2, d'N13 an d'N16 op den Echangeur Altwis fir a Richtung Beetebuerg an iwwer d'N16, N2 an N10 fir op Schengen.

Exercice grandeur nature dans le tunnel Markusberg (16.06.2024)

Communiqué par : Administration des ponts et chaussées  

L’Administration des ponts et chaussées et le Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS), en collaboration avec l’Inspection du travail et des mines (ITM) et la Police Lëtzebuerg organisent pour le personnel du tunnel et les services d’intervention d’urgence un exercice grandeur nature dans le tunnel Markusberg tel que stipulé par l’art. 37 du règlement grand-ducal du 20 décembre 2007 relatif aux mesures de sécurité applicables dans certains tunnels routiers.

De tels tests sont indispensables et obligatoires afin de garantir la sécurité des usagers du tunnel en cas d’incident.

Barrages et déviations 

Le dimanche 16 juin 2024 de 7 à 13 heures les barrages suivants seront mis en place:

  • L’autoroute A13 dans les deux sens entre l’échangeur Schengen et l’échangeur Mondorf
  • L’accès Schengen en direction de Bettembourg
  • L’accès Mondorf en direction de Schengen 

Le trafic en provenance de l’A13 respectivement de l’échangeur Schengen et en direction de la croix de Bettembourg sera dévié à partir de l’échangeur Schengen via la N10, la N2, la N13, la N16 et l’échangeur Altwies.

Le trafic en provenance de l’A13 respectivement l’échangeur Mondorf et en direction de Schengen sera dévié à partir de l’échangeur Mondorf via la N16, la N2, la N10 et l’échangeur Schengen.