Parking Glacis vun e Freideg u progressiv zou

© VDL / Tom Jungbluth
Chaufferen, déi heefeg um Glacis parken, dierft interesséieren, datt de Parking um Lampertsbierg vun e Freideg u wäert progressiv zougemaach ginn.
Grond sinn d'Opbauaarbechte fir d'Bünen an Ecranen, déi am Kader vun de Concerte fir Nationalfeierdag gebraucht ginn. An der Programmatioun vum City Sounds den 22. an 23. Juni si jo verschidden Open-Air-Concerten a musikalesch Evenementer uechter d'Stad virgesinn.
Dernieft ass vum 29. Juni un och en EM-Public-Viewing um Glacis, dofir falen dann och d'Parkplazen ewech.
D'Chauffere gi gefrot, sech um Parkleetsystem z'orientéieren, fir op aner Parkingen auszewäichen.
Leit, déi fir d'Concerten an d'Public Viewingen op de Glacis kommen, si gebieden, sech op de Park and Riden ze stationéieren an de Bus ze huelen.