Mat Cargo Bikes géint verstoppte Stroossen
Viru 5, 6 Joer huet zu Lëtzebuerg kaum ee vum Cargo Bike geschwat, ma dat ännert awer sou lues.
Fir déi douce Mobilitéit weider ze fërderen, huet d‘Regierung decidéiert, och dës Vëloen an Zukunft ze subsidéieren, als Mëttel géint de Stau a Plazmanktem an de Stied.
Bei der doucer Mobilitéit geet den Trend ëmmer méi Richtung Cargo Bike. Hei geet d’Primm vum 1. Oktober u vu maximal 600 op bis zu 1.000 Euro erop. Ee Cargo Bike ass e Vëlo, mat vir oder hannen engem Jabel fir vu Kanner, iwwert de Mupp, bis bei d'Akafstuten, eng Transportméiglechkeet als Alternativ zum Auto ze hunn. Zanter Joerzéngte begéint een dës Zort vu Vëloe schonn am Ausland. Zanter e puer Jore begéint ee se och zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks.
Och de fréiere Vëlosproffi an Tour-de-France-Gewënner Andy Schleck begeeschtert sech schonn eng Zäitche fir dat alternatiivt Transportmëttel. Gutt ugestréckt a mat Helm ausgerëscht, geet et vill Momenter mam Nowuess ganz sportlech mam Cargo-Vëlo an d‘Schoul. "Et mécht de Kanner immens Spaass", erkläert de fréiere Profisportler, deen zanter puer Joer och säin eegent Vëlosgeschäft huet. "Wa mer moies nach e bësse méi Zäit hunn, maache mer nach e puer Detouren duerch Mondorf. Mir fuere mol laanscht d'Baach. Mee et ass och einfach méi séier, méi ekologesch, a virun allem manner stresseg. Ech brauch kee Parking ze sichen. Ech fuere bis vir bäi, d'Kanner huele de Rucksak mat an ech fueren nees Heem."
D'Schwäiz erlieft zanter 10 Joer e Cargo-Bike-Boom
Ëmmer méi Stied uechter Europa si vum Potential vum Cargo-Vëlo iwwerzeegt. Eleng uechter d‘Schwäiz ginn honnerte vun dëse Vëloen op diverse Statiounen zu Bern, Zürech, Lausanne oder Genf verlount. "De Cargo-Vëlo huet immens vill Potential, besonnesch wann ee consideréiert op een Auto ze verzichten", esou de Jo Klein vun der Association ProVelo. "Et si vill Leit, déi dann ëmmer soen, datt se den Auto brauchen, fir akafen ze fueren oder fir gréisser Saachen ze transportéiert. Genau do huet de Cargo-Vëlo par rapport zu engem normale Vëlo fir Virdeeler."
Jiddereen, dee mam Auto an der Stad ënnerwee ass, dee weess wéi komplizéiert dat ass.
D‘Uschafungskäschte leie bei 2.500 bis 6000 Euro. Jee no Modell kann de Vëlo bis zu 200 Kilo transportéieren. Fir kleng Liwwerunge kënnt de Cargo-Vëlo och scho bei der Stater Gemeng, respektiv bei verschiddene Geschäfter an der Stad an den Asaz.
Den Andy Schleck:
"Ech mierken, datt wierklech Leit hiren Auto duerch de Cargo Bike ersetzen. Entweder ,fir d‘Kanner ze transportéieren oder awer och ëmmer méi dacks, fir Marchandisë vun A op B ze transportéieren. Jiddereen, dee mam Auto an der Stad ënnerwee ass, dee weess, wéi komplizéiert dat ass. Dee weess och: bréngt ee moies d‘Kanner mam Auto an d‘Schoul, dann ass ee scho gestresst. Mam Cargo-Bike, respektiv dem E-Cargo-Bike geet do scho vill Stress verluer."
Méi ekologesch, besser fir d‘Gesondheet a laangfristeg méi bëlleg: ob mat Muskelkraaft oder mat Hëllef vun engem Elektro-Motor - am Hierscht geet d'Primm vu maximal 600 op 1.000 Euro fir de CarVelo erop. D’Acteuren um Terrain begréissen d’Initiativ vun der Regierung. Esou och de Jo Klein: "Mir sinn immens frou, wou mer dat gesinn hunn, well mer de méi héije Subside fir de Cargovëlo am Fong schonn zanter Jore fuerderen. Déi Vëloe si relativ deier, mee se hunn effektiv d‘Potential, en Auto ze ersetzen."
Traditionell Vëloe kréien d’Primm nach bis Oktober
Fir méi kleng Transporter jo, e richtege Liwwerwon wäerten d‘Cargo-Vëloen awer kaum ersetzen. Ma de Wee an d‘Schoul gëtt esou definitiv zum Erliefnis. Wat dann déi méi traditionell Vëloen, ob mat oder ouni elektresche Motor, betrëfft esou gëtt et bis Oktober nach d'Primm vu bis zu 600 Euro. Dono ass déi Primm bis op d'mannst Enn Juni 2026 nëmmen nach fir Leit déi “d’Allocation de vie chère” kréien.
80.000 Elektro Vëloe si bis ewell vum Staat subsidéiert ginn.
Ofhängeg vun der Primm vum Staat ginn et dann nach finanziell Hëllefe fir Vëlo an E-Bike bei méi wéi 70 Gemengen am Land.