Am Kader vum Nationalfeierdag gëtt d'Offer vum ëffentlechen Transport ugepasst. Dëst betrëfft souwuel d'Horairë wéi och d'Trajeten.

E Samschdeg, um Virowend vun Nationalfeierdag, ginn zousätzlech Navetten en place gesat fir d'Nuetseilen.

Virowend vun Nationalfeierdag

Partie Stroosse gespaart, respektiv deviéiert

  • Les itinéraires des lignes d’autobus 92U, 141 et 902 seront adaptés à Bigonville.
  • Les itinéraires des lignes d’autobus 10U, 14U, 15U, 16U, 116, 117, 137, 138, 139, 180, 181, 188, 190, 191, 241, 250 seront adaptés à Diekirch.
  • L’itinéraire de la ligne d’autobus 631 sera adapté et quelques courses de la ligne 633 seront supprimées à Dudelange.
  • Les itinéraires des lignes d’autobus 711 et 70U seront adaptés dans la commune de Käerjeng.
  • Les lignes d’autobus 604, 605, 606, 607, 608 et 609 auront leur origine et terminus exceptionnellement auprès du P+R Bouillon (Quai 5) et ceci à partir de 19 heures et par conséquent les arrêts Lux/Centre, Monterey, Belair, Rheinsheim, Belair, Crécy et Hollerich Heentze Parc ne sont pas desservi.
  • Les lignes d’autobus 701, 703 et 711 auront leur origine et terminus exceptionnellement auprès du pôle d’échanges Stäreplaz/Étoile (Quai 1) et ceci à partir de 19 heures et par conséquence l’arrêt Lux/Centre, Monterey ne sera pas desservi.
  • L’itinéraire de la ligne d’autobus 323 sera adapté à Mensdorf.
  • Les itinéraires des lignes d’autobus 112, 824, 921 et 931 seront adaptés à Mersch.
  • Les itinéraires des lignes d’autobus 70U, 609, 711 et 831 seront adaptés dans la commune de Pétange.
  • L’itinéraire de la ligne d’autobus 112 sera adapté à Steinsel.
  • Les itinéraires des lignes d’autobus 361, 406, 411, 421, 455 et 456 seront adaptés à Sandweiler.
  • Des courses d’autobus spéciales seront mises en marche dans la nuit du 22 au 23 juin 2024 sur les lignes RGTR énumérées ci-après: 111, 221, 223, 311, 325, 411, 413, 421, 422, 424, 462, 511, 513, 612, 711, 812, 821, 823, 902, 903, 904, 921.
  • Les horaires de ces courses spéciales sont disponibles sur mobiliteit.lu.

Recommandatioun fir Leit, déi mam Auto kommen: 

D'Lignen, déi d'Park&Riden usteieren (18, 20, 37,39), zirkuléieren am 5 bis 10 Minuttentakt an dat tëscht 18 an 23 Auer.

  • P+R Bouillon (ligne 37) vers le centre-ville
  • P+R Bouillon (ligne 20) vers la Gare Centrale
  • P+R Howald, Lux-Sud (Centre douanier) vers la Gare Centrale et le centre-ville (ligne 39)
  • P+R Kockelscheuer Patinoire et P+R Stade de Luxembourg vers le centre-ville (ligne 18)

D'Departen nom Freedefeier bis bei d'Parkingen:

  • ligne 37 en direction du P+R Bouillon: Monterey Quai 5 (arrêt provisoire le long du parc municipal)
  • ligne 20 en direction du P+R Bouillon: Gare Centrale Quai 105
  • ligne 39 en direction du P+R Howald, Lux-Sud: arrêt provisoire Banque de Luxembourg (devant le bâtiment 14a, boulevard Royal) et Gare Centrale Quai 1
  • ligne 18 en direction des P+R Stade de Luxembourg et P+R Kockelscheuer (ligne directe, sans desserte de la Gare Centrale):
    • entre 23 h 30 et 24 h 00: arrêt  Forum Royal (16, rue des Bains)
    • après 24 h 00: arrêt Hamilius Quai 2.

De leschten Depart fir all Linn ass um 3.30 Auer vum Zentrum aus bis bei d'Park&Riden.

Regulär Buslinnen

Um Virowend gi verschidde stättesch Buslinne verstäerkt. Hei den Detail vum Fuerplang um Virowend vun Nationalfeierdag.

Vun 19 Auer u gi sämtlech Buslinnen a béid Richtungen tëscht der Gare an dem Zentrum iwwer d'Hollerecher Strooss an d'Escher Strooss ëmgeleet. D'Arrêten Roosevelt 1 an 2 si gestrach.

D'Linne 6, 16, 18 an 29 sinn tëscht 22.30 an 23.30 Auer gestrach. Extra Verbindungen ginn et dann awer nees nom Freedefeier, respektiv tëscht 23.30 an 3.30 Auer. Den Detail fënnt een am Schreiwes.

Aner Buslinnen, beim Boulevard Royal an der Avenue Monterey, ginn tëscht 23.30 a Mëtternuecht anescht ugefuer. Hei sollen d'Leit sech am Virfeld iwwer déi genee Auerzäite renseignéieren.

TICE

Am Süde vum Land wäerte verschidde Busverbindungen um Virowend vun Nationalfeierdag gestrach ginn tëscht 9 Auer bis Nationalfeierdag selwer 3 Auer. Bei folgende Linne ginn et Changementer: 1, 2, 3, 4, 5, 6, 7, 8, 9, 10, 12, 13, 14, 15 a 17.

Hei och den Detail vun den Nuetsbusser.

Luxtram

Den Tram wäert dann och verstäerkt tëscht der Luxexpo an dem Lycée Bouneweg zirkuléieren, dat all 4 Minutten bis 18 Auer an dono all 5 Minutten bis 1 Auer.

Wichteg: Um 3.05 Auer ass de leschten Depart vun der Luxexpo aus Direktioun Lycée Bouneweg an um 3.40 Auer vum Lycée Bouneweg aus an déi aner Richtung.

Wärend dem Freedefeier fiert tëscht 19 an 00.15 Auer keen Tram um Tronçon Hamilius a Place de Metz. Do muss een dann de Bus (Linn 39) huelen.

Am Kader vun den organiséierte Concerten um Glacis, wäert den Tram am Takt vu 5 Minutte fueren an dat bis 1 Auer. Wie vun der Gare aus wëll dohin, do ass et d'Recommandatioun den Zuch bis bei d'Statioun Pafendall/Kierchbierg ze huelen an dono den Tram bis bei d'Theaterplaz.

CFL

Um Virowend vun Nationalfeierdag ginn extra Zich bis an d'Nuecht agesat:

  • Ligne 10 (Luxembourg – Troisvierges – Gouvy), départ en gare de Luxembourg vers Troisvierges à 1 h 10 et 3 h 35
  • Ligne 30 (Luxembourg – Wasserbillig – Trèves), départ en gare de Luxembourg vers Wasserbillig à 1 h 15 et 3 h 15
  • Ligne 50 (Luxembourg – Kleinbettingen – Arlon), départ en gare de Luxembourg vers Kleinbettingen à 1 h 15 et 3 h 00
  • Ligne 60 (Luxembourg – Esch/Alzette – Rodange), départ en gare de Luxembourg vers Esch-sur-Alzette à 00 h 02, 1 h 18 et 3 h 18
  • Ligne 60A (Luxembourg – Bettembourg – Volmerange-les-Mines), départ en gare de Luxembourg vers Dudelange à 00 h 44 et 2 h 44
  • Ligne 70 (Luxembourg – Bascharage-Sanem – Rodange – Athus/Longwy), départ en gare de Luxembourg vers Rodange via Dippach à 1 h 40 et 2 h 40

Nationalfeierdag

Regulär Buslinnen

Um Nationalfeierdag selwer, also den 23. Juni, wäerten d'Zich an d'Busser zu den übleche Feierdagshorairë fueren. D'stättesch Busser, déi vun 15 bis 18 Auer tëscht dem Garer Quartier an dem Zentrum zirkuléieren, ginn iwwer d'Hollerecher Strooss an d'Escher Strooss ëmgeleet. Hei den Detail vum Fuerplang op Nationalfeierdag.

Bei de Verbindunge vum TICE wäerten d'Busser zu den übleche Feierdagshorairë fueren.

Luxtram

E Sonndeg wäert am Kader vun der Militärparad an der Neier Avenue keen Tram um Tronçon Hamilius a Place de Metz zirkuléieren. Hei gëtt den Transport mat Busser assuréiert (Linnen 4, 13, 18, 39). Dat gëllt tëscht 10.10 an ongeféier 13.35 Auer, den Tram fiert deemno just tëscht der Luxexpo an dem Hamilius.

Am Kader vun den organiséierte Concerten um Glacis, wäert den Tram am Takt vun 8 Minutte fueren an dat bis 1.05 Auer.

Wichteg: Um 1.05 Auer ass de leschten Depart vun der Luxexpo aus Direktioun Lycée Bouneweg an um 1.39 Auer vum Lycée Bouneweg aus an déi aner Richtung.

CFL

Op Nationalfeierdag zirkuléieren d'Busser zu den übleche Feierdagshorairen.

Latenight-Busser ginn dann och wéi gewinnt an der Nuecht vum 22. op den 23. ugebueden. Den Detail fënnt een op mobiliteit.lu.

Beim Adapto ginn d'Horairen ugepasst a fueren um Virowend vun Nationalfeierdag bis Mëtternuecht.

Fir all weider Informatioun oder Froen soll ee sech am Centre d'appel vu mobiliteit.lu mellen um Nummer 2465 2465, de Service ass disponibel vu méindes bis freides tëscht 6.45 an 19 Auer, samschdes a sonndes souwéi op Feierdeeg tëscht 9 a 16.30 Auer.