E Samschdeg geet de Präis vum 98er Bensinn liicht an d'Luucht.

Beim 98er Bensinn ass et eng Hausse vun 2,4 Cent op domadder elo 1,695 Euro de Liter. D'Präisser vum Diesel, 95er Bensinn a Masutt bleiwen dogéint onverännert. De 95er Bensinn war schonn e Freideg liicht méi deier ginn.