Et gëtt mat méi Trafic op de Grenze gerechent

© AFP Symbolbild
Wéi d'Direktioun vun der Police Koblenz matdeelt, gëtt sech fir de 25. a 26. Juni méi Trafic un de Grenze mat Frankräich, Lëtzebuerg an der Belsch erwaart.
Wéi et heescht, wäert sécher méi lass sinn en Dënschdeg zu Dortmund, wa Frankräich a Polen géinteneen untrieden, an nach emol e Mëttwoch zu Stuttgart mam Match Ukrain géint Belsch. Sécher wäert dann un de Grenze mat Frankräich, Lëtzebuerg an der Belsch méi va et vient sinn.
Frontaliere wéi och Futtball-Fans si gebieden, hir Weeër z'iwwerdenken a sech eventuell no Ëmweeër ëmzekucken, well d'Haaptachsen a Richtung Rheinland-Pfalz a Saarland riskéieren, iwwerlaascht ze dinn.
Dobäi kënnt, dass och stéchprouewenaarteg Kontrollen un de Grenze gemaach ginn, fir eng Arees vu gewaltbereeten Hooligans souwéi politesch motivéierte Randaléierer ze verhënneren. Et wéilt een dobäi probéieren, de Verkéier esou mann wéi méiglech ze belaaschten.
Bundespolizist bei Grenzkontrollen an d'Gesiicht geschloen
Am Kader vun de Kontrollen un de Grenzen ass bei Wincheringen an Däitschland, déi aner Säit vun der Musel op der Héicht vu Wuermer, e Sonndeg de Moien ee Bundespolizist ugegraff ginn. Wéi d'Beamte matdeelen, hat een 39 Joer alen Däitschen, dee mam Vëlo ënnerwee war, probéiert, sech laanscht d'Kontroll ze drécken.
Wärend e laanscht d'Kontroll gefuer ass, soll hien de Poliziste Frechheeten zougeruff hunn a sech iwwer d'Kontrolle beschwéiert hunn. Wou hien doropshin opgefuerdert gouf, stoenzebleiwen, huet de Mann allerdéngs net reagéiert. Och aner Signaler hätt hien ignoréiert, heescht et vun der Bundespolizei.
Am Beräich Wincheringen gouf hien du schliisslech awer gestoppt. Ganz iwwerraschend huet hien dunn engem Beamte mat der Hand an d'Gesiicht geschloen. Bei der Festnam huet hie sech onkooperativ gewisen an hätt souguer ugefaangen ze probéieren, d'Beamten ze bäissen. Hie wier "aggressiv" an "net asiichteg" gewiescht.