Den RGTR-Busreseau gëtt de 7. Juli deels nei organiséiert, parallel zur Ouverture vum neien Tram-Tronçon bis bei de Stadion.

Dëse Fuerplangwiessel bréngt eng Rei wichteg Ännerunge fir d'Notzer vum ëffentlechen Transport mat sech. Den RGTR-Busreseau gëtt zwee Mol am Joer ugepasst, fir de Besoine vun den Notzer entgéintzekommen. Den nächste Fuerplangwiessel ass dëse Sonndeg, den Dag vun der d’Ouverture vum neien Tram-Tronçon bis bei de Stadion.

An deem Kader hu mer mat der Petra Svoboda vun der Verwaltung vum ëffentlechen Transport geschwat.

Ännerungen am RGTR-Fuerplang / Reportage Laurent Gillander

Wéi eng Changementer kommen dann op d’Notzer vum RGTR den 7. Juli duer?

Mir hunn dës Kéier eng Rei gréisser Ännerungen an ech wäert probéieren, e klengen Iwwerbléck ze ginn, ouni elo ze vill an den Detail ze goen.

An der Stad ginn zwee neie Pôle d’échanges op, um Houwald an op der Cloche d’Or a fënnef nei Arrête fir den Tram, mam Terminus bei Stadion. Doduerch entsti vill nei a praktesch Korrespondenzen tëscht dem Zuch, Tram an de Bussen.

Et wäert och zu gréisseren Ännerungen an der Nordstad, um Colmer-Bierg an zu Reisduerf kommen. 

Fir dës Uertschafte gouf, zesumme mat de Gemengen an ënnert anerem wéinst dem Schantjen op der Ettelbrécker Gare, en neit Konzept fir d’RGTR-Linnen ausgeschafft, wat Verbesserungen um Niveau vun den Uschlëss, de Kadenzen an de Verbindunge matsechbréngt. Ausserdeem ginn zu Ettelbréck zwee nei Arrêten op, fir d’Gare ze entlaaschten an d’Korrespondenzen ze vereinfachen. Am Norde vum Land ginn d’Horaire vu verschiddene Linnen ugepasst, fir d’Korrespondenzen tëscht dem Zuch a Bus ze verbesseren.

Et héiert een heiansdo, dass verschidde Buslinnen iwwerlaf sinn. Gëtt do eppes an déi Richtung ënnerholl?

Fir der Iwwerlaaschtung vu bestëmmte Linnen uechtert d’Land entgéintzewierken, gi plazeweis méi grouss Bussen agesat, zousätzlech Courssen agefouert oder d’Kadenzen erhéicht.

A wat geschitt mat den “Usines-Linnen” déi verschidden Industriezonen ufueren? Ass do och eppes geplangt?

Zum Beispill fir d’Industriezon um Colmer-Bierg, Steesel, Diddeleng (Wolser), Rued-Sir a Conter gi verschidde gutt besichten Usines-Linnen an de regulären RGTR-Reseau opgeholl an doduerch fir jiddereen zougänglech gemaach.

Och zu Ettelbréck ginn d’Horaire vu verschiddene Linnen ugepasst oder et kommen nei Coursse bäi, fir d’Korrespondenzen tëscht Bus-Bus oder Bus-Zuch ze verbesseren.

Wéinst den Aarbechten op der A3 ginn d’Horaire vun de Bussen ajustéiert, fir sech besser un déi reell Situatioun um Terrain unzepassen.D'Petra Svoboda konnt am Interview net op all d'Changementer vun de Linnen agoen, mä déi kann een um Internetsite vun der Mobilitéitszentral noliesen oder sech iwwert d'Nummer 2465 2465 informéieren.