D'CFL erënneren, dass d'Zuchstrecken am Norden zum Deel gespaart sinn, fir de Schinnereseau ze moderniséieren an ze ënnerhalen.

Eng Moderniséierung wier noutwenneg, well d'Unzuel u Passagéier iwwert déi lescht 20 Joer ëm 100 Prozent geklommen ass. Dës weidere wieren 2023 28,7 Millioune Leit mam Zuch gefuer.

Beim Chantier huet ee versicht, de Passagéier sou gutt et geet entgéintzekommen. Dofir géif een de Chantier nach wärend der Schoulvakanz maachen an nom Schluss vum Kollektivcongé. Méi genee fueren tëscht dem 31. August an dem 15. September keng Zich tëscht Ettelbréck a Gouvy, wéi och tëscht Kautebaach a Wolz. Et hätt een domat och de Wonsch vun de Passagéier respektéiert, d'Schueberfouer 2024, déi schonn den 23. August ugefaangen huet, mam Zuch wëllen ze besichen, wéi d'CFL schreiwen.

Wärend deenen zwou Woche wäerten d'Zich mat Busse remplacéiert ginn. D'Fuerpläng wäerten op cfl.lu ze fanne sinn.

D'CFL hunn och e Vëlo-Shuttle-Service en Place gesat. Dëse wäert all zwou Stonnen tëscht Ettelbréck an Ëlwen verkéieren a bleift zu Clierf an um Schinker stoen.