Gewerkschafte vun der SNCF annoncéiere Streik

© AFP (Archiv)
De Streik am Dezember soll onbegrenzt sinn. Och fir den November ass e Streik ugekënnegt.
D'Gewerkschaft vun der franséischer Bunn SNCF hunn zu engem Streik vum 11. Dezember un opgeruff. Aus Protest géint déi geplangten Ëmstrukturéierung am Giddersecteur vun der SNCF an der deels Privatiséierung vu regionale Linne sollen déi Beschäftegt vum 11. Dezember un hir Aarbecht néierleeën. De Streik soll deen Dag um 19 Auer ufänken. Dat hunn déi véier Gewerkschafte vun der SNCF e Samschdeg an enger gemeinsamer Erklärung matgedeelt. De Streik wier net begrenzt a kéint ëm jeeweils 24 Stonne verlängert ginn, heescht et weider.
Scho virdru war zu engem Streik den 21. November opgeruff ginn. Och dësen Appell bleift bestoen.
Streike vun der Bunn kuerz vir oder no Vakanzenzäite kommen a Frankräich dacks vir. Fir d'lescht haten d'Kontrolleren zu der Vakanzenzäit am Februar hir Aarbecht néiergeluecht. 150.000 Passagéier ware betraff. Streiken zur Chrëschtzäit gouf et fir d'lescht 2022.