Wéinst engem Streik bei der franséischer Bunn fiert en Donneschdeg keen Zuch op der Streck Rodange - Lonkech.

Wéi d'CFL matdeelen, streiken d'Mataarbechter vun der SNCF vun e Mëttwoch den Owend bis e Freideg de Moien. Doduerch zirkuléieren en Donneschdeg keng Zich tëscht Rodange a Lonkech.

Bis ewell hätt de Streik keen Impakt op d'Zich, déi Richtung Diddenuewen, Metz a Nanzeg fueren. An och d'TGVen, déi vun der Lëtzebuerger Gare fortfueren respektiv so ukommen, sollen normal fueren.