Erof...an nees erop
Präis vum 98er Bensinn klëmmt nees liicht

© RTL Archiv
Vun e Freideg u muss ee fir den 98er Bensinn erëm e bësse méi bezuelen.
De Freideg virdrun, also de 15. November, ass de Präis vum 98er Bensinn eréischt ëm 2,1 Cent erofgaangen, ma dëse Freideg geet de Präis nees erop, dat ëm quasi de selwechte Montant, wéi en erofgaangen ass.
Vun 1,553 Euro de Liter geet de Präis vum 98er erop, dat op 1,573 Euro, deemno nees eng Hausse vun 2 Cent.

Am meeschte gelies