Luxair eng vun den ëmweltschiedlechsten Airlines am Atmosfair-Ranking

© Domingos Oliveira (Archiv)
Am Kader vun der Weltklimakonferenz huet d'Klimaschutz-Organisatioun "Atmosfair" hiren éischten Airline-Ranking publizéiert. D'Luxair schneit net gutt of.
Fir den Atmosfair Airline Index (AAI) goufen d'CO2-Emissioune vun den iwwer 200 gréisste Fluchgesellschafte matenee verglach an op hir Effizienz hi bewäert. Der Organisatioun no sinn esou ronn 92 Prozent vun der globaler Aviatioun am Ranking vertrueden.
Am Ranking gouf virun allem op d'Emissioune pro Passagéierkilometer gekuckt, esou datt ee Fluch besser ofschneit, wat e méi voll besat ass. D'Zuele baséiere sech op Donnéeën aus dem Joer 2023 a Bëlleg-Airlines sinn an engem separate Ranking opgelëscht.
D'Luxair gëtt am Ranking vun Atmosfair als eng vun deene klimaschiedlechsten Airlines opgelëscht - déi Lëtzebuergesch Fluchgesellschaft kënnt op déi 104. Plaz vun insgesamt 119. Domat fält d'Luxair op eng vun den hënneschte Plazen an der zweetschlechster Kategorie F (A-G).
Op enger Skala vun 0 bis 100 Effizienzpunkten, mat 100 als dem beschte Score an 0 als dem schlechtsten, kënnt d'Luxair am Total op 53,6 Punkten. Dobäi fält op, datt d'Fluchgesellschaft op kuerze Strecken ënner 800 Kilometer méi schlecht ofschneit (42,8 EP), wéi op laange Strecke vun iwwer 3.800 Kilometer (64,7 EP).
Atmosfair no géifen nei, méi effizient Fligeren am Ranking mat dee gréissten Ënnerscheed maachen. Fluchgesellschafte mat enger "onverännerter Flott" oder mat just wéinegen neie Fligere géifen am Atmosfair Airline Index generell méi schlecht ofschneiden.
Déi Airlines, déi dem Atmosfair-Ranking no am proppersten sinn, sinn op der éischter Plaz TUI Airlines Nederland, mat Starlux Airlines (Taiwan) an Biman Bangladesh Airlines op de Plazen zwee an dräi.
Allgemeng ass et vun Atmosfair de Fazit, datt international Klimaziler verfeelt ginn an de globale Fluchverkéier weider zeréck géif falen. Op CO2-aarme Kerosin géif nach net dacks zeréckgegraff ginn. Just eng Airline hätt sech duerch dësen alternative Kerosin, deen zum Beispill aus gebrauchte Fetter ka gewonne ginn, ëm zwou Plazen am Ranking kënne verbesseren.
Eng Ufro op eng Reaktioun vu Luxair gouf bis Redaktiounschluss e Méindeg ëm 20 Auer net beäntwert. E Mëttwoch am Nomëtteg koum vu Luxair dunn de Retour, et hätt een d'Resultater vun der Etüd zur Kenntnis geholl, ma et wéilt een de Ranking net kommentéieren, well een d'Methodik an d'Vergläichbarkeet vun den Airlines net novollzéie kéint.
Et géif een allerdéngs grousse Wäert op Nohaltegkeet leeën an et wiere scho wesentlech Schrëtt ënnerholl ginn, d'Luxair-Flott ze moderniséieren. Mat de bestallte Boeing 737 MAX 8 an Embraer E2-195 an E2-190 wier et zukünfteg méiglech, d'CO2-Emissiounen ëm "op d'mannst 20 Prozent" ze reduzéieren.