Uganks der Woch waren Diesel a Masutt jo méi deier ginn, elo ass et zesumme mam 98er Bensinn nees eng Baisse vum Präis.

Beim 98er Bensinn ass et eng Baisse vun 2,1 Cent op insgesamt 1,552 Euro de Liter, a beim Diesel eng Baisse vun 3,1 Cent op elo insgesamt 1,449 Euro de Liter. De Masutt gëtt 2,9 Cent méi bëlleg a kascht elo 0,889 Euro de Liter.

RTL

© RTL-Grafik