Renault wëll Undeeler un Nissan wuel verkafen

Wéi d'Financial Times mellt, wéilt Renault seng Partnerschaft mat Nissan iwwerschaffen a seng Undeeler verkafen.
Aktuell ginn d'Verkafszuele vun Nissan an den USA an a China zeréck, wouduerch Nissan finanziell zimmlech ënner Drock steet. Ufank November huet de japaneschen Autosconstructeur ugekënnegt 9.000 Aarbechtsplazen ofzebauen.
D'Financial Times huet mat zwee Informante geschwat, déi behaapten, dass Renault breet wier hir Undeeler un Nissan ze verkafen. Rieds ass hei vu 35% Undeeler. D'Kollaboratioun tëscht Nissan a Renault hält elo scho 25 Joer un. Als méiglechen Investor gëtt Honda genannt.
Nissan, Honda a Mitsubishi hate virun e puer Méint schonn eng Kollaboratioun bei der Entwécklung vun ënnert anerem Batterien an enger Software ugekënnegt. Deemno géif Honda als méiglechen Investor no leien.
Eng vun den zwou Quellen am Artikel vun der Financial Times huet vun 12 bis 14 Méint geschwat, déi Nissan nach hätt, fir ze iwwerliewen.