Eng Reform vun der Besteierung vun de Firmeween, déi vun der viregter Regierung op de Wee bruecht gouf, gouf elo en cours de route ofgeännert.

Konkret gëllen déi aktuell steierlech Avantagë fir Elektroween nach weider 2 Joer. D’Regierung hat also oppen Ouere fir d’Doleancen aus dem Automobilsecteur, awer net fir alleguerten d’Fuerderungen.
 
Déi nei Mesure hätt e Knacks fir d’Elektromobilitéit bedeit, hate se an der Autosbranche gefaart. Ma dem Secteur geet et nieft der Ëmwelt natierlech och ëm d'Geschäft. An de Business mat de Firmeween ass nawell net kleng. Ëmmerhi gëtt all zweeten Auto net op e Privatmann, mä op eng Societéit ugemellt.

Et wier souzesoen en Deel vum Salaire vum Mataarbechter, erkläert de Gerry Wagner, Porte Parole vum "House of Automobile":

"An dat ass de faméisen Avantage en nature. Wéi fonctionéiert dat? Wann een en Auto huet vun zum Beispill 50.000 Euro TTC, do gëtt et am Moment fir Elektroautoen, déi 0,5 %. Déi applizéiert op déi 50.000 Euro, dat sinn dann eng 250 Euro. An dat gëtt als fiktiivt Bruttogehalt dobäigerechent."
 
A wann dat elo vun 0,5 op 1 %  eropgesat gi wier respektiv vun 0,6 op 1,2 % fir Gefierer mat méi wéi 18kw/h Verbrauch, da wier de Societéitswon steierlech bedeitend manner interessant ginn. 
 
D’Zil vun der Reform vun der Dräier-Koalitioun war et, den elektresche Firmewon méi, an de Verbrenner manner interessant ze maachen.

Dofir goufen a Stufe-System op de Wee bruecht a verschidden Etappen definéiert. Ee Changement, deen elo op den éischte Januar sollt kommen, léisst déi nei Regierung also falen, respektiv verréckelt dësen. Den avantagéisen Taux fir elektresch Firmeween gëtt um aktuellen Niveau bäibehalen.

Hannert de Kulisse wier déi lescht Méint vill diskutéiert ginn:

"Diskutéiert gouf virun allem, datt déi Changementer am Moment nach vill ze fréi sinn. Also déi Decisioun, fir déi Tableauen ze änneren, déi si virun dräi, véier Joer vun enger Regierung geholl gi mat ganz aner Perspektiven, wat d'Evolutioun vun der Elektromobilitéit ubelaangt. Also eeben dat Sardinnen-Denke vun deene Leit, déi net gesinn hunn, dass et nach en anere Kosmos gëtt."

Déi nei Regierung hätt sech iwwerzeege gelooss, sou de Gerry Wagner. Ëmmerhi wier et esou, datt vun de gutt 30.000 Elektrogefierer hei am Land der zwee Drëttel op Societéiten zougelooss sinn.

An der Automobilbranche si se awer net frou driwwer, datt et dobäi bleift, datt Verbrenner elo op 2 % eropgesat ginn, an datt och Plug-In-Hybride consideréiert ginn ewéi Dieselen a Bensinner: "Wat natierlech eng riseg Augmentatioun ass fir déi Autoen. Domat ass den Interêt, fir esou en Auto ze huelen, eigentlech net méi ganz héich."

Dobäi wier dës Technologie fir vill Leit eng gutt Léisung a géing eng wichteg Roll bei der Energie-Transitioun spillen. D’Angscht vum Automobilsecteur war virun allem déi, datt d’Leit elo generell manner op Firmeween géingen zeréckgräifen, an datt vläicht Frontaliere kee Firmen-Auto méi wëllen an eng aner Solutioun fanne géifen.

Spéitstens 2027 wäerten och elektresch Firmeween dann och mat iwwer 1 % besteiert ginn. Riskéiert d’Elektromobiliéit dann net an 2 Joer den Hick ze kréien? De Gerry Wagner ass do optimistesch. De Modell bléif och dono nach interessant: "Wann ee bis eng Kéier Elektroauto gefuer ass, ass kaum een, deen nach eng Kéier op e Verbrenner zréckgeet. Dofir mengen ech, dass dat och bei engem Prozent Avantage en nature nach ëmmer ganz interessant bleift."

Fir 16.000 Leit, déi aktuell en elektresche Firmewon fueren, bedeit de Changement, datt et fir si och nom éischte Januar beim avantagéise Steiertaux bleift.

De Gerry Wagner rappelléiert iwwerdeems nach emol, datt déi politesch Zieler fir d’Elektromobilitéit net anzehale wieren. Bis 2030 hätt de Lëtzebuerger Fuerpark zur Hallschent sollen elektrifizéiert sinn. Dat wier net méi méiglech. Mat de Plug-Inen dobäigerechent léich een de Moment grad emol bei ronn 10 %.