Grousse Succès mat Locatiounsvëloen
Wann een eng Kéier drop oppasst, gesäit ee si iwwerall an der Haaptstad: d'Vel'OH!en. Kee Wonner, et gi mëttlerweil 146 Statiounen.
Déi si virun allem an der Stad, mee och a verschiddene Gemengen, déi mëttlerweil um Reseau ugebonne sinn. Am ganze si ronn 1.300 Vëloen am Asaz an dëst Joer läit den Duerchschnëtt vun de Locatioune bei 4.200 den Dag. Dat heescht, ongeféier dräimol d'Minutt gëtt esou ee Vëlo aus der Born gezunn a genotzt.
De Vel'OH! ass ee Service vun der Stad Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass schonn den zweete Marché amgaangen.
Ugefaangen huet dat ganzt 2008 mat 25 Statiounen. Ee Marché dauert 10 Joer. 2018 ass dunn och entscheet ginn, fir 100% op Elektrovëloen ëmzeklammen. Domadder war d'Stad Lëtzebuerg eng vun deenen éischte Stied, déi dat am JCDecaux-System esou gemaach huet. Dat ass de Prestataire, deen d'Vel'OHen aktuell geréiert. Dozou gehéieren d'Reparatiounen, d'Maintenance an d'Regulatioun. Si suergen dofir, dass ëmmer genuch Vëloen op de verschiddene Statioune sinn an awer och ëmmer genuch Bornë fräi sinn. Dofir hu si eng extra Ekipp, déi mat enger Camionnette d'Vëloen asammelt a verdeelt, jee nodeem wou si grad gebraucht ginn. Virun allem wann d'Leit moies op d'Aarbecht fueren oder owes nees heem, kënnen esou Statioune ganz séier eidel ginn.
De Vel'OH! gëtt och ëmmer méi genotzt. D'lescht Joer konnt een eng Hausse vun 347% bei de Kuerzzäit-Abonnementer par Rapport zu 2018 feststellen. D'Kuerzzäit-Abonnement kascht eemoleg 2 Euro. Bei de Laangzäit-Abonnementer, bei deenen een 18 Euro d'Joer bezilt, gouf et ee Plus vun 228% par Rapport zu 2018. De Laurent Vanetti ass de Chef vum Service de Circulatioun bei der Ville de Luxembourg. Doduerch, dass d'Modeller elektresch sinn, géif et vill méi Méiglechkeete ginn, fir si ze notzen. Et kënnen och Géigende mat an de Reseau agebonne ginn, déi virdru méi schwéier mam Vëlo ze erreeche waren, well et zum Beispill vill biergop gaangen ass.
"Doduerch si mir och an der Unzuel vun de Statiounen eropgaangen. Dat heescht 2018 louche mir bei 80 Statiounen insgesamt fir de Vëlossystem. Mëttlerweil leie mir bei 146 Statiounen a mir konnten nach Randgemengen erschléissen", erkläert de Laurent Vanetti.
Zu de Gemengen, déi um Reseau ugeschloss sinn, gehéiere Bartreng, Stroossen, Hesper, Mamer, Leideleng, Nidderaanwen a Walfer. An deene leschte Joren hätt dofir de Vandalismus gläichzäiteg och zougeholl. Dëse Marché leeft nach bis 2028, duerno gëtt nees een neien Optrag ausgeschriwwen. "Mir präparéieren eis elo op d'Ausschreiwung vun 2028. Dat heescht och, dass 2028 den neie Marché ka lancéiert ginn. Da musse mir souwisou kucken, wat de State of the Art dee Moment ass, wat de Vëloslokatiounssystem ugeet an och wéi sech dat ganzt entwéckelt a wat de Schäfferot bei eis decidéiert", präziséiert de Laurent Vanetti.