D'Propos vun den EU-Verkéiersminister geet elo nach duerch d'Europaparlament. Do gëllt eng Zoustëmmung awer als sécher.

Wann ee säin Führerschäin am EU-Ausland verléiert, dann duerft ee bis ewell am Heemechtsland weiderfueren. Dat soll sech awer änneren. D’EU-Verkéiersminister waren en Donneschdeg fir e Conseil zu Bréissel beieneen an hunn do fir esou ee Gesetz gestëmmt.

EU-Fuervbuet ouni Grenzen / Reportage Annick Goerens

Bis ewell war et jo esou, dass een zum Beispill e Fuerverbuet an Däitschland ausgeschwat krut oder carrement de Fürerschäin ofgeholl krut an dann duerft een awer nach gemittlech iwwerall soss an der EU weiderfueren. Domat soll elo Schluss sinn.

D’Administratiounen aus all den EU-Länner solle sech besser ënnerteneen koordinéieren. Dat awer virop fir schwéier Verstéiss géint den Code de la route. Dozou gehéieren: exzessiv Vitess, Alkohol- oder Drogekonsum, respektiv wann een hannert dem Steier fir een Homicide Involontaire verantwortlech ass.

Iwwregens zielt als exzessiv Vitess, wann een ausserhalb vun enger Uertschaft iwwer 50 Kilometer an der Stonn méi séier ass, wéi erlaabt. Bannent enger Uertschaft 30 Kilometer an der Stonn.

Wéi de Mobiliteitsministère präziséiert, wier eng weider Konditioun, datt et iwwerhaapt applizéiert ka ginn, datt een am Ausland de Permis fir op d'mannst dräi Méint ofgeholl kritt. Sollt een am Ausland de Permis verléieren, well ee verschidde méi kleng Delikter am Stroosseverkéier gemaach huet, wäert dat awer keng Konsequenzen am Heemechtsland hunn.
 
D’EU-Kommissioun wëll mat dem Gesetz fir méi Sécherheet am Stroosseverkéier suergen. D'Europa-Parlament hat schonn am Februar fir dës Mesurë vun der EU-Kommissioun gestëmmt. Allerdéngs musse sech Ministerrot an d'Parlament elo nach eemol op eng gemeinsam Linn eenegen. Dat dierft also nach e bëssen daueren, bis d'Gesetz komplett ëmgesat ass.