Fësch maachen am meeschten Téitschen
© Domingos Oliveira - rtl.lu
En däitscht Vergläichsportal ass no der Analys vu sengen Daten dozou komm, dass et Stärzeeche gëtt, déi besonnesch heefeg an Accidenter verwéckelt sinn.
Wien den Horoskoper eppes ofgewanne kann, dee wäert sech och dësen Artikel méi genee duerchliesen. Laut Astrologie wierkt sech d'Stärzeechen op de Charakter vum Mënsch aus. A wéi et schéngt och dorop, wéi dacks e mat sengem Gefier Téitsche mécht. D'Vergläichsportal Verivox* huet seng Daten analyséiert a baséierend dorop eng Hitparad vun deenen Déierekreeszeechen erstallt, déi (an Däitschland) besonnesch dacks an Accidenter verwéckelt sinn.
Deene Statistiken no sinn Zwillingen (gebuer tëscht dem 21. Mee an dem 21. Juni) ëm 3 Prozent méi dacks an Tëschefäll op der Strooss involvéiert wéi all déi aner. Knapp dohannert kommen d'Fësch a Plaz 3 deele sech Stéier a Kriibs. Um anere Wupp vun der Tabell ass et de Steebock, déi wéi et schéngt, besonnesch virsiichteg ënnerwee ass a 6 Prozent ënnert der Moyenne läit. An der Mëtt vum Ranking fanne sech d'Woen, d'Skorpiounen, d'Waassermänner an d'Widderen.
| Plaz | Stärzeechen | Index |
| 1 | Zwilling | 103 |
| 2 | Fësch | 102 |
| 3 | Stéier | 101 |
| 4 | Kriibs | 101 |
| 5 | Jongfra | 101 |
| 6 | Wo | 100 |
| 7 | Skorpioun | 100 |
| 8 | Waassermann | 100 |
| 9 | Widder | 100 |
| 10 | Schütze | 99 |
| 11 | Léiw | 99 |
| 12 | Steebock | 98 |
Wie sammelt déi meeschte Punkten?
Och dozou gëtt et eng Statistik, déi op d'Stärzeechen erofgebrach ka ginn. Hei sinn d'Woe virop mat 7 Prozent iwwer Duerchschnëtt. Hannedru kommen d'Skorpiounen, d'Jongfraen an d'Fësch. Ganz räsonabel ënnerwee si mat 11 Prozent ënnert der Moyenne d'Waassermänner.
| Plaz | Stärzeechen | Index |
| 1 | Wo | 107 |
| 2 | Skorpioun | 105 |
| 3 | Jongfra | 103 |
| 4 | Fësch | 102 |
| 5 | Widder | 101 |
| 6 | Léiw | 100 |
| 7 | Zwilling | 100 |
| 8 | Kriibs | 99 |
| 9 | Schütze | 99 |
| 10 | Steebock | 98 |
| 11 | Stéier | 98 |
| 12 | Waassermann | 89 |
*Als Basis hunn Autosversécherunge gedéngt, déi tëscht Oktober 2020 a September 2025 ofgeschloss gi sinn.