D'EU wëll de Verbuet vu Verbrenner-Motoren opweechen

Déi gréisst Fraktioun am Europaparlament, déi konservativ EVP (zu där jo och d’CSV gehéiert), plädéiert dofir an engem Positiounspabeier.
An deem Pabeier schwätze si sech aus fir en Ophiewe vum Verbuet vun neien Autoen, déi CO2 ausstoussen, dat jo vun 2035 u soll gëllen.
Verbrenner mat Bio-Sprit an alternativen “Treibstoffer “sollen och no deem Datum dierfe verkaf ginn. Plug-In-Hybrider sollen och ënnerstëtzt ginn.
Den Hannergrond sinn d’Schwieregkeete vun der europäescher Autosindustrie, déi mat enger schwaacher Nofro, der Konkurrenz aus China an niddrege Verkafszuele vun Elektroautoen ze kämpfen huet. Et wéilt een d’Autosindustrie retten, ass d’Argument vun der EVP.
D’Autosbranche ass awer anscheinend kloer derfir, datt um Verbrennerverbuet soll festgehale ginn. Eng Majoritéit vun de Leit, an Däitschland zum Beispill, ass awer skeptesch a wëll um Verbrenner festhalen.