105 Barrièrë ginn et nach hei zu Lëtzebuerg. An de leschten 12 Joer goufen der awer och schonn 42 suppriméiert.

D'Barrière zu Millbech, an der Gemeng Conter, wäert an den nächsten zwee Joer ewechfalen. Op anere Plaze gëtt gekuckt, ob et méiglech ass, d'Barrièren ewechzekréien.

Ewéi zum Beispill zu Näerzeng. D'Barrière bei der Gare ass do wärend 25 Minutten an enger Stonn erof. 10 Zich passéieren hei bannent 60 Minutten.