Lift Pafendall-Uewerstad
Stad Lëtzebuerg annoncéiert Maintenanceaarbechte fir 2025

All Mount gëtt de Lift, deen d'Uewerstad mam Pafendall verbënnt, Maintenanceaarbechten ënnerzunn. Déi genee Datumen huet d'Stad Lëtzebuerg elo matgedeelt.
Dës falen allkéiers (ausser am September) op den éischte Méindeg vum Mount an dauere vun 9 Auer moies bis 5.45 Auer den Dag drop.
D'Datume vun de Maintenanceaarbechte fir 2025 am Iwwerbléck
- 06.01.
- 03.02.
- 03.03.
- 07.04.
- 05.05.
- 02.06.
- 07.07.
- 04.08.
- 08.09.
- 06.10.
- 03.11.
- 01.12.
Méi Informatiounen zum Lift Pafendall-Uewerstad fannt Dir op ascenseur.vdl.lu
Am meeschte gelies