Grenzgänger: Alldag am Stau
Iwwer 230.000 Frontaliere kommen all Dag op Lëtzebuerg schaffen: aus Frankräich, der Belsch oder Däitschland.
Och wann an de leschte Joren Efforte gemaach goufen, fir den ëffentlechen Transport vun den Nopeschlänner hier ze verbesseren, hu vill Grenzgänger keng aner Méiglechkeet, wéi Dag fir Dag stonnelaang am Auto ze verbréngen.
Eis Kolleege vun RTL Info hu Frontalieren op hirem stressege Wee fir op d'Schaff begleet.
"L'heure de pointe commence à 5 heures du matin."
"On est à une bonne heure de bouchon à partir de 6.30, c’est insupportable."
"Je passe minimum 3 heures par jour dans ma voiture."
Frontalieren, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, musse moies ganz fréi aus de Fiederen, wa se net wëllen am Stau stoen.
Sébastien Delbirani, Responsabelen DIR Est vu Metz: "Á partir de 5 hrs du matin l’axe qui vient vers le Luxembourg dépasse les 3.000 véhicules par heure."
D’Stephanie schafft zanter 26 Joer zu Lëtzebuerg. Si wunnt an engem klengen Duerf an der Géigend vu Metz a muss all Dag 70 Kilometer fuere bis op hir Aarbecht zu Leideleng. Si fänkt um 9 Auer un a mécht sech well ëmmer méi frei op de Wee, mä souguer wa si um 6.45 Auer fortfiert, also iwwer 2 Stonnen arechent, ass si net sécher, zur Zäit unzekommen.
"Oui c'est un stress. C'est un stress parce qu'on se sait pas ce qui nous attend. On ne sait pas si on sera à l'heure au travail. Quand on a des réunions qui démarrent à 9 hrs, même prendre parfois l'option de partir plus tôt, on se retrouve coincé sur la route et il n'y a pas vraiment d'issue."
Grad wéi vill aner vun den 230 000 Frontalieren, déi all Dag an de Grand Duché schaffe kommen, verbréngt d'Stephanie an der Moyenne 3 Stonnen den Dag am Auto. Also bal ee Mount pro Joer hannert dem Steier, am Wanter ass et am schlëmmsten.
"Le fait de partir la nuit et de rentrer il fait nuit c’est vraiment boulot, dodo, métro sauf que nous c’est pas le métro, c’est le stress de la route."
Vill Grenzgänger probéieren, all méiglech Mëttel fir dem Stau aus dem Wee ze goen. Do gëtt mat vill Fantasie geschafft, mee ee Wonnermëttel gëtt et net:
Dylan, Frontalier zanter annerhallwem Joer: "On essaye des moyens, de partir plus tôt, ça ne marche pas."
Jérémie, Frontalier zanter sechs Joer: "J'ai préfére prendre le travail entre 4 et 5 hrs du matin et de venir 3 heures plus tôt et terminer ma nuit sur le parking devant la société. Donc je prends ma couverture, j’allonge le siège et je termine ma nuit."
Op esou extreem Mëttel gräift net jiddwereen zréck. Déi meescht probéiere via GPS-Appen um Handy dee séierste Wee Richtung Lëtzebuerg ze fannen, mee och hei stéisst een u seng Grenzen:
Thomas, Frontalier zanter zwee Joer: "Au début ça vous annonce par exemple 20 minutes de trajet pour les petites routes et puisque tout le monde prend cette route on passe à 40 minutes."
Et geet een dovunner aus, dass d'Zuel vu Frontalieren an Zukunft nach wuesse wäert. Op der anerer Säit wäert et nach 10 Joer daueren, ier den Ausbau vun der A3 fäerdeg ass. Iwwerdeems op der A31 bis op der franséischer Säit een aner Chantier ufänkt. Déi betraffen Automobiliste wëssen, dass nach haart Zäite virun hinne leien.
Stéphanie: "Là je vais avoir 50 ans. Je ne sais pas si je serai encore capable de faire ça pendant 10 ans parce que c’est usant, c’est fatiguant. On se retrouve le vendredi soir et on est épuisé."
Lëtzebuerg bleift wuel attraktiv wat d'Aarbechtsplazen an d'Paien ugeet, mee d'Fro stellt sech ob déi méi jonk Generatiounen nach bereet sinn, déi selwecht Sacrificen ze maachen.